Frankräich feiert um Dënschdeg d’Enn vun den Aarbechte vun engem Deel vum internationalen Kärfusiounsreakter ITER, a Südfrankräich.

Un enger Online-Feier, wou de Chantier och virtuell besicht gëtt, wäerten nieft dem Staatspresident Macron, och d’EU-Kommissiounscheffin Von der Leyen, oder de südkoreanesche President Moon-Jae drun Deel huelen.

ITER ass en internationale Fuerschungsprojet mam Zil Stroum aus Fusiounsenergie ze gewannen. Stand haut soll a 5 Joer ugefaange ginn an der Anlag zu St Paul-Les-Durance, Waasserstoff-Plasma ze produzéieren.

Nieft der EU, sinn d’USA, Südkorea, China, Japan, Russland an Indien Partner vum ITER-Programm, un deem zanter mëttlerweil 13 Joer geschafft gëtt.