An eiser Serie "Lëtzebuerger am Corona-Ausland" schwätzt de Richard Philippart iwwer seng Aarbecht am Laos an déi aktuell Corona-Situatioun.

Et ass bal 100 Mol méi grouss wéi Lëtzebuerg. A ganz wäit vun hei ewech.

Am Laos liewe knapp 7 Millioune Mënschen, dorënner och de Lëtzebuerger Richard Philippart. Hie wunnt zanter 5 Joer mat senger Famill an der Haaptstad vum Laos. Hien ass Direkter vun enger Organisatioun, déi dobäi hëlleft, aus dem Laos e Rechtsstaat ze maachen.

Mir hu mat him iwwert seng Aarbecht an d’Corona-Situatioun am sozialistesche Land geschwat.