Honnerte Britte protestéieren a gedenken der verstuerwener Sarah Everard
© AFP/JUSTIN TALLIS
Trotz de strenge Coronamesurë sinn e Samschdeg zu London honnerte Mënschen op d'Strooss gaangen.
Dat, fir géint d'Gewalt géint Fraen ze demonstréieren an dem Sarah Everard ze gedenken. Déi 33 Joer al Fra ass den 3. Mäerz owes ze Fouss um Wee fir Heem duerch de Süde vu London verschwonnen. E Policebeamte vun enger Elitten-Unitéit gouf ugeklot, d'Fra entféiert an ëmbruecht ze hunn. Dës Geschicht huet a Groussbritannien eng grouss Diskussioun ausgeléist iwwer d'Sécherheet vun de Fraen. An de soziale Medien temoignéieren dausende vun Notzerinne vun hiren Erfarungen, déi si schonn owes eleng um Heemwee gemaach hunn.
D'Police hat versicht, déi friddlech Maniff opzeléisen. Biller vun Demonstrantinnen an Handschellen, déi op de Buedem gedréckt ginn, hunn awer nawell fir ganz zolidd Kritik gesuergt – dat och vu Politiker. Ënner anerem de Chef vun de Liberaldemokraten Ed Davey fuerdert esouguer de Récktrëtt vun der Policecheffin vun der Londoner Metropolitan Police. Duerch déi Aktioun e Samschdeg hätt si d'Vertraue vu Millioune vu Fraen a London verluer, sou den Davey.