Däitschland ass nach ëmmer ofhängeg vu russeschem Gas
© AFP
Den Hierscht ass do an d’Temperature falen. Och an Däitschland, wou op ville Plazen d'Heizungen erëm lafen.
Grad an Zäiten vun der Energiekris ass dat en saisonaalt Thema ginn, dat politesch Froen opwërft. Eng Korrespondenz vum Claire Schmartz vu Berlin.
Zënter dem Ufank vum russesche Ugrëffskrich géint d’Ukrain am Februar 2022 sinn d’Gaspräisser an Däitschland staark geklommen. Zu Berlin louch de Präis am Januar 2025 ronn 72 Prozent méi héich wéi am Oktober 2021.
Wärend d’EU an domat och Däitschland e grousse Sanktiounspak géint Russland ausgeschafft hunn an d’Ukrain militäresch ënnerstëtzen, fléisst weider russesche Gas a Richtung Europa – virun allem a Form vun flëssegem Gas, sougenanntem LNG. Déi däitsch Pipeline Nord Stream gouf zwar am September 2022 schwéier beschiedegt, warscheinlech duerch Sabotage. Mee elo weisen divers Studien, ënner anerem vu Greenpeace, dass d’EU zënter dem Ufank vum Krich ronn 33 Milliarden Euro fir russeschen LNG bezuelt huet.
D’Katherina Reiche, d’Bundeswirtschaftsministerin, sot zu Lëtzebuerg:
“Deutschland bezieht kein russisches Gas mehr, Deutschland bezieht auch kein russisches Öl mehr. Wir müssen aber sicherstellen, dass wir die Bezugsquellen in ganz Europa runterfahren.”
Momentan kënnt russesche Gas an der EU virun allem op Terminals an Holland an a Frankräich un, sou d’Etude vu Greenpeace, a gëtt vun do aus an dat europäescht Netz agespeist. Ee vun de gréissten Clienten ass d’däitsch staatlech Firma Sefe, déi fréier Gazprom Germania. LNG aus Russland gëtt bis elo net sanktionéiert, obwuel de russesche Fournisseur Novatek als kremlno gëllt.
De Jan van Aken vun der Linke: “All diese Tanker mussen auf die Sanktionsliste!”
D’EU wëll dës Ofhängegkeet ofbauen: Vun 2028 u sollen keng Gas- oder Pëtrolsimporter aus Russland méi erlaabt sinn. Do driwwer hunn d’Energieministeren elo Mëtt Oktober 2025 zu Lëtzebuerg diskutéiert.
Däitschland selwer bedreift aktuell verschidde LNG-Terminals zu Wilhelmshaven, Brunsbüttel, Lubmin an Mukran (Rügen). Si sollten u sech, sou d’Verspriechen 2022, d’Ofhängegkeet vun russeschem Gas erofsetzen – mee déi geplangten alternativ Liwwerungen aus den USA oder Katar koumen aus verschiddene Grënn net zustanen: Sief et, well d’Infrastruktur nach opgebaut gëtt, d’Liwwervolumen d’Demande net ganz ofdecken, oder well d’Länner längerfristeg Verträg fuerderen, déi Däitschland awer wéinst sengen Klimaziler net ënnerschreiwe kann. An dat, wärend Mesurë fir Energie ze spueren, weider lafen – zum Beispill duerch méi niddereg Temperaturen an ëffentleche Gebaier oder Schwämmen an Opriff, an de private véier Mauere manner ze hëtzen.
Trotzdeem huet Däitschland 2024 offiziellen Zuelen no méi wéi 21 Milliarden Euro u Russland bezuelt, virun allem fir Pëtrols- a Gasimporter. Dat ass méi wéi all eenzel EU-Hëllefsleeschtung fir d’Ukrain.