Portugal
Lissabon geet fir 2,5 Deeg an de Lockdown

Grond heivir ass déi staark Verbreedung vun der Delta-Coronavirus-Variant an der portugisescher Haaptstad.
Vun e Freideg de Mëtteg u bis e Méindeg de Moien dierfen déi 2,8 Milliounen Awunner d'Géigend ëm Lissabon just nach mat engem valabele Grond verloossen. Auslänner dierfe just nach an Ausnamefäll areesen. Portugal huet en Donneschdeg 1.530 nei Fäll a 24 Stonnen registréiert, sou vill wéi zanter Februar net méi.
Am meeschte gelies