Dat schreift eng Direktive vu Berlin fir all 16 Bundeslänner vir, déi dëse Méindeg a Kraaft trëtt.

Gratis bleiwen se just fir Kanner ënner 12 Joer, a fir Leit déi noweislech net däerfe geimpft ginn.

D’Schnelltester, déi de Bund zanter Mäerz finanzéiert hat, hätten zanterhier e puer Milliarden € kascht, an en dauerhaft Iwwerhuele vun deene Käschten duerch de Steierzueler wier eben op Grond vun enger Impf-Offer, net néideg, seet déi däitsch Regierung.

Bei eis hei zu Lëtzebuerg gëtt et jo mam neie Covid-Gesetz änlech, wann da mam generellen Covid-Check och d’Schnelltester wäerten ewechfalen. Mat Ausnam vun de Klinicken, Alters- a Fleegeheemer a Schoulen, ginn vum 1te November un,  just nach zertifiéiert Schnelltester acceptéiert, déi vu qualifizéiertem medezineschem Personal och duerchgefouert goufen, sot e Freideg de Premier.