D’Mamm vum presuméierte Bondi-Beach-Attentäter Naveed Akram huet zanter der Attack, bei där 15 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn, Morddrounge kritt, wéi dem Akram säin Affekot e Méindeg viru Geriicht erkläert huet. Den Ugeklote freet duerfir, datt d’Nimm an d’Biller vu senger Mamm, sengem Brudder a senger Schwëster, souwéi d’Adress vum Familljenhaus aus de Medieberichter gestrach ginn – och aus deenen, déi schonn online an Australien publizéiert goufen.
Dem Ugeklote säin Affekot huet vun enger Well vun Trauer a Roserei an Australien geschwat, déi absolut verständlech wier. Gläichzäiteg huet hien awer betount, datt et “kee Beweis gëtt, datt seng Mamm, säi Brudder oder seng Schwëster eppes domat ze dinn haten”.
Den Akram soll d’Attack kuerzfristeger virbereet hunn an dat net am Familljenhaus. Den Akram huet d’Verhandlung per Video aus engem Héichsécherheetsprisong verfollegt.
Den Akram a säi Papp Sajid gi beschëllegt, am Dezember bei enger Chanukka-Feier op der Plage zu Sydney op Leit geschoss ze hunn. De Sajid ass bei der Attack vun der Police erschoss ginn.
Géint den Akram leie Virwërf wéinst Terrorismus, 15 Mol Mord, eng Dose Fäll vu schwéiere Blessuren, souwéi och Asaz vu Sprengstoff vir.
Dem Ugeklote säin Affekot huet Attacken op d’Famill genannt a gewarnt, datt et de Risiko géif ginn, datt et zur “Selbstjustiz” kënnt a Liewensgefor fir d’Famill géing bestoen. D’Famill hätt net d’Mëttel, fir ze plënneren oder Sécherheetsleit anzestellen.
D’Affekote fir Medienorganisatiounen hunn iwwerdeems argumentéiert, datt d’Nimm vun der Mamm an dem Brudder, souwéi d’Adress, scho wäit verbreet publizéiert goufen – och international. Transparenz hätt och eng “therapeutesch Wierkung” an et wier wichteg, datt dësen Terrorprozess breet an de Medien ofgedeckt géing ginn.
De Riichter huet ugekënnegt, seng Decisioun iwwer d’Geheimhaltung vun den Nimm den 2. Abrëll bekannt ze ginn.