Zwou Entreprise krute vun den indoneseschen Autoritéiten hir Lizenz ofgeholl, nodeems bal 200 Kanner un akutem Niereversoe gestuerwe sinn.

Ouni d'Lizenze kënnen d'Firmen d'Substanzen net méi bedreiwen, déi zur Hierstellung vu flëssege Medikamenter gebraucht ginn. Wéi d'Liewensmëttel- a Medikamentenagence BPOM e Mëttwoch matgedeelt huet, dierfen d'Firme PT Mega Setia Agung Kimia a PT Tirta Buana Kemindo keng pharmazeutesch Rostoffer méi verkafen.

Zanter August waren an Indonesien bal 200 Kanner un akutem Niereversoe gestuerwen. D'Autoritéiten hunn Ermëttlunge lancéiert an hunn de Verkaf vun e puer Sirop-Medikamenter verbueden.

Béid Firmen, déi d'Lizenz ewechgeholl kruten, haten den eigentlech ongeféierlechen Alkohol Propylenglykol hiergestallt, deen awer mat Diethylenglykol an Ethylenglykol "veronrengegt" war. Dës zwee Stoffer fënnt ee beispillsweis a Fraschtschutzproduiten.

Och flësseg Medikamenter, déi vun de béide Firme PT Samco Farma a PT Ciubros Farma produzéiert ginn, goufen zeréckgeruff. An hire Produite goufen déi zwee schiedlech Stoffer a grousse Quantitéiten nogewisen. An e Sonndeg ware Medikamenter vun dräi anere Pharmaentreprisen zeréckgeruff ginn, nodeems Tester erginn haten, dass d'Grenzwäerter fir Ethylenglykol iwwerschratt waren.

D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet de Weekend donieft nach vu véier Houschtsiropen aus Indien gewarnt, déi och "inacceptabel Quantitéiten" vun Diethylenglykol an Ethylenglykol enthalen hunn. D'Medikamenter gi mam Doud vu bal 70 Kanner a Gambia duerch akut Niereversoen a Verbindung bruecht.