John Clarke, Michel Devoret an John Martinis mam Nobelpräis a Physik geéiert

© JONATHAN NACKSTRAND / AFP
No der Medezin e Méindeg, gouf en Dënschdeg den Nobelpräis an der Physik verdeelt.
Kuerz viru Mëtteg huet den Nobelpräiskommitee vun der kinneklech-schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften d'Gewënner annoncéiert. De Präis geet deemno un den John Clarke, de Michel Devoret an de John Martinis. Dat fir hir Fuerschung am Beräich vun der Quantemechanik. Méi genee goufen déi dräi fir hir Entdeckung vum sougenannte makroskopesche quantemechaneschen Tunneleffekt ausgezeechent. Dës géif d'Méiglechkeet fir d'Entwécklung vun der nächster Generatioun vun der Quantentechnologie bidden, dorënner Quantecomputeren an nei Methode vun der Dateverschlësslung.
Et ass déi 118. Kéier zanter 1901, dass den Nobelpräis an der Physik verdeelt gouf. Mat de Laureate vun dësem Joer goufe bis ewell 229 Persoune gewierdegt.