Méi Zesummenaarbecht a gläichzäiteg Reformen duerchféieren, dat war de Plädoyer vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden en Dënschdegmoien am Europaparlament.

De Luc Frieden am EU-Parlament / Marc Hoscheid

Am Kader vun der Diskussiounsserie "This is Europe", wou d'Staatscheffe vun de Memberlänner Rieden am Europaparlament halen, huet hie sech un d'EU-Deputéiert adresséiert. Europa misst weider zu senge Wäerter stoen an déi multilateral Zesummenaarbecht héichhalen. D'EU misst och oppe fir nei Membere bleiwen an dierft Länner mam Kandidatestatus net méi sou laang waarde loossen, als Beispill huet hie Montenegro genannt, wou dat nächst Joer eng Decisioun geholl sollt ginn.

Mat Bléck op d'Verdeedegungspolitik misst méi enk zesummegeschafft ginn, Lëtzebuerg kéint säi Bäitrag um Niveau vun der Satellittekommunikatioun leeschten. Fir d'EU ekonomesch méi kompetitiv ze maachen, misst dann och déi iwwerdriwwe Bürokratie zu engem gudden Deel ofgebaut ginn. Dës géing nämlech dacks den Handel tëscht de Memberlänner bremsen. An dann huet de Luc Frieden nach ee Plädoyer fir oppe Bannegrenze gehalen, déi och een Ausdrock vun engem Fridden an Europa wieren.