Den zweete Joresdag vun den Hamas-Attacken op Israel

© Photo by ILIA YEFIMOVICH / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
En Dënschdeg sinn d'Hamas-Attacken op Israel genee zwee Joer hir, bei deenen et 1.200 Doudeger gouf an 250 Persounen an d'Gazasträif verschleeft goufen.
Dobäi war ufanks net ganz kloer, wat am Weste vun Israel genau lass wier. An éischte Meldunge waren nach vu gréissere Rakéiten-Attacken aus der Gazasträif rieds, bei deenen et op d'mannst 20 Doudesaffer an eng jett Blesséierter gi wieren. D'Situatioun war oniwwersiichtlech, ma am fréie Mëtteg koum da schonn eng Reaktioun vum israeelesche Premier Netanjahu, dee gesot huet, datt ee sech am Krich befënnt an de Feind e ganz héije Präis bezuele géing.
D'Attacke vun der Hamas ware grouss ugeluecht a laang am viraus geplangt. Dausende vu Rakéiten a méi wéi 1.000 schwéier arméiert Hamas-Kämpfer, déi mat Motorrieder a Pick-Ups de Grenzberäich gestiermt an déi israeelesch Zaldoten iwwerrascht hunn. En zentraalt Zil vun den Attacke war den Nova-Muskesfestival, ma och verschidde Kibuzzen. Op de Soziale Medien hu sech séier Biller a Videoen dovu verbreet.
Iwwer 1.200 Doudesaffer, Dausende vu Blesséierten an 251 Geiselen, déi an d'Gazasträif verschleeft goufen, vun deenen der haut, also zwee Joer méi spéit, nach ëmmer ënnert der Gewalt vun der Hamas sinn. Op d'mannst 25 dovu wieren awer schonn dout.
No den Attacke vum 7. Oktober gouf et vun der eegener Bevëlkerung ufanks deels nach Kritik géint déi israeelesch Regierung, datt een net direkt reagéiert hätt. Duerno ass awer zimmlech séier kloer ginn, datt d'Regierung ënnert dem Premier Netanjahu Revanche huele wollt. D'Attacken halen och zwee Joer duerno ëmmer nach un an hu bis elo scho méi wéi 66.000 Palästinenser d'Liewe kascht, dorënner gréisstendeels Zivilisten.
Vun der UNO kritt Israel dowéinst deelweis e Genozid reprochéiert.
Dat ganzt Gespréich iwwert d'Attacke vum 7. Oktober tëscht dem Joel Detaille an dem Dan Spogen kënnt dir hei nach eemol lauschteren.