Am Institut Pasteur zu Paräis gouf den Aids-Virus "HIV" entdeckt

De Professer Jean-Claude Chermann schafft mat enger Aids-Prouf am Institut Pasteur. / © AFP/Archives/MICHEL CLEMENT
D'Entdeckung vun der Krankheet war dann de Startschoss fir d'Lutte géint dës Epidemie, un där an de leschte 4 Joerzéngte 40 Millioune Leit gestuerwe sinn.
Datt een den neie Virus "isoléiere" konnt gouf den 20. Mee 1983 an engem Artikel am US-Magasinn "Science" publizéiert. D'Auteure vun dësem Artikel waren déi franséisch Chercheuren Françoise Barré-Sinoussi, Jean-Claude Chermann a Luc Montagnier. An der Publikatioun stoung ënner anerem ze liesen, datt dëse Virus kéint u verschidde pathologesch Syndromer, dorënner Aids, bedeelegt sinn.
Déi éischt Aläerte iwwert den deemools nach ganz neie Virus gouf et ronn zwee Joer méi fréi an den USA. Rar Krankheeten, wéi Pneumocystos goufen am Summer 1981 bei jonken homosexuellen amerikanesche Männer festgestallt. D'Doktere stounge virun engem Rätsel: Wisou kréien homosexuell jonk Männer eng Krankheet, déi soss just bei ganz schwaache Persounen optrëtt? Fir d'US-Experte war kloer, et geet eng Epidemie bei homosexuelle Männer an Drogesüchtegen ëm.
En Numm hat d'Krankheet nach net. D'Ofkierzung Aids ("acquired immune deficiency syndrome") gouf eréischt vum September 1982 u genotzt. Vill Instituter hu sech un d'Recherche gemaach. An engem franséische Spidol huet en Infektiolog Ufank 1983 e Patient gehat, deem seng Symptomer op e fréie Stadium vum Aids higedeit hunn an hien huet seng Prouwen dem Institut Pasteur zu Verfügung gestallt. Hei hunn déi dräi Fuerscher, déi spéider och den Artikel publizéiert hunn, sech un d'Aarbecht gemaach a konnten en neie Retrovirus, dee si Lymphadenopathy Associated Virus, kuerz LAV, genannt hunn, fannen.
Den Artikel huet an der Fachwelt fir vill Kappkraze gesuergt. Obwuel sech déi dräi Fuerscher vu Paräis sécher waren, datt si de Virus, deen den Aids ausléist, fonnt hunn, hu vill vun hire Kolleegen hinnen net gegleeft. Am Fréijoer 1984 huet den amerikanesche Fuerscher Robert Gallo eng Serie vun Artikele publizéiert. Och hien hat en neie Retrovirus fonnt an deen HTLV-3 genannt. Fir den Amerikaner war kloer, hien huet "déi méiglech Ursaach" vum Aids entdeckt. An den USA gouf d'Annonce vum Gallo am Abrëll 84 offizialiséiert, nodeem déi selwecht Instanz refuséiert hat, déi franséisch Resultater unzëerkennen.
Ma béid Fuerschungsekippe si sech an de Méint drop eens ginn, datt den HTLV-3 an den LAV wuel de selwechten Organismus sinn an hunn dëst zesummen am Januar 1985 publizéiert. Ee Joer méi spéit krut dëse Retrovirus dann en neien Numm: HIV "Human Immunodeficiency Virus".
Bis 1987 huet et awer gedauert, bis sech Frankräich an d'USA eens waren, wien dann elo d'Patent op d'Entdeckung vum HIV sollt kréien. De Kompromëss: D'Ekippe vum Gallo a vum Montagnier ginn als "Co-Endecker" opgelëscht. Dëse Statut ass awer net just fir déi wëssenschaftlech Éier, mä spillt och eng grouss finanziell Roll, wann d'Tester, déi d'Krankheet erkennen, developpéiert a verkaf ginn.
Déi richteg grouss Éier koum der franséischer Ekipp awer 2008 zou. Du kruten d'Françoise Barré-Sinoussi an de Luc Montagnier als bis ewell eenzeg Fransousen den Nobelpräis an der Medezin wéinst hirer Entdeckung vum HIV.

© AFP/Archives/Olivier MORIN