Op der griichescher Vakanzen-Insel Rhodos sinn d’Pompjeeë weider amgaang géint d’Bëschbränn virzegoen. Och Korfu ass mëttlerweil betraff.

Parallel leeft déi gréissten Evakuatiounsaktioun, déi et wéinst Bränn a ganz Griicheland jeemools gouf.

D’Nuecht iwwer hunn nees dausenden Touristen mussen a Sportshalen oder a Schoule verbréngen, well hir Hoteller evakuéiert goufen.

RTL

Concernéiert ware virun allem Anlage ronderëm Lindos, wou d’Situatioun ganz prekär ass, well d’Flamen net ënner Kontroll ze brénge sinn.

Vill Leit waarden um Fluchhafen, dass se kënnen Heem, ass op Biller vun der Staatstëlee ERT ze gesinn.

Am Läschasaz sinn 10 Fligeren an 8 Helikopter, deels och aus dem Ausland.

Am Süde vun der Insel gëtt et dann och kee Stroum méi, well den ëffentlechen Energie-Versuerger PPC aus Sécherheetsgrënn e Kraaftwierk huet mussen ofschalten.

Airlines aus méi Länner hu mëttlerweil annoncéiert, keng nei Touristen méi op Rhodos ze fléien, well d’Situatioun ze chaotesch wär.

De Luxair-Direkter Gilles Feith sot eis e Sonndeg, dass d’Luxair bis op Weideres weiderhin un hire Flich festhält. Den Norde vun der Insel wier net vun de Bränn betraff an do géif et keng Bedenke ginn.

Reaktioun vun der Luxair um Méindeg den Owend

Fir Passagéier, déi den 27. Juli dohi solle fléien, offréiert d'Airline eng gratis Annulatioun. Fir Leit, déi ee Forfait Vakanz hunn an déi tëscht dem 30. Juli an dem 5. August fléien an déi di betraffen Hoteller gebucht hunn, kréien Alternativen ugebueden an eng Remise vun 100 Euro pro Erwuessenen. Wa keng Alternative fonnt gëtt, da kréien d'Leit ee Bong fir eng zukünfteg Rees. Leit, déi an engem Hotel gebucht sinn, deen net vun de Bränn betraff ass, kënnen hiren Depart bis den 29. Juli änneren. Och si kréien ee Bong, wa keng appropriéiert Alternativ fonnt gëtt.

RTL

Änlech Situatioun wéi op Rhodos gëtt et mëttlerweil dann och op Korfu. Och do si Bëschbränn amgaang, déi bewunnte Gebidder menacéieren. Dem griicheschen Noutfall-Kommunikatiounsdéngscht no wier d’Situatioun am Laf vun e Sonndeg méi schlëmm ginn an Awunner an Touristen aus den Nord-Gemenge sollen och do evakuéiert ginn. Identesch Situatioun op der zweetgréisster griichescher Insel Euböa.

Hëllef fir d’Pompjeeën ass aus meteorologescher Siicht fir déi nächst Deeg leider keng gemellt. Eng ferm Hëtzt vu 40 Grad an deels anstännege Wand sinn och mol bis Enn der Woch virausgesot.

RTL