Weiderhi keng Entwarnung gëtt et op der griichescher Mëttelmier-Insel Rhodos, wou d’Bëschbränn nach ëmmer net ënner Kontroll ze brénge sinn.

Staarke Wand an Temperaturen iwwer 40 Grad maachen de Pompjeeën et onméiglech wierklech konsequent géint d’Flame virzegoen. Fir e Mëttwoch si souguer iwwer 45 Grad gemellt.

D'Feier mécht sech weiderhin haaptsächlech an der zentraler an an der südlecher Regioun ronderëm Kiotari breet.

Do sinn och eng Dosen Hoteller betraff, wou Luxair-Clienten ënnerbruecht waren, schreift d’Airline e Méindeg den Owend a präziséiert, dass zanter e Samschdeg eng Krisecellule bei hinnen agesat wär, fir d’Situatioun permanent ze evaluéieren.

Allen 80 concernéiert Leit wieren e Sonndeg oder e Méindeg rapatriéiert ginn, respektiv kruten en alternatiivt Hotel offréiert.

Et ginn dann awer och Offere fir Leit, déi an nächster Zäit eréischt sollten op Rhodos fléien.

Fir Passagéier, déi en Donneschdeg dohi solle fléien, offréiert d'Luxair eng gratis Annulatioun.

Fir Leit, déi ee Forfait Vakanz hunn, an tëscht dem 30. Juli an dem 5. August fléien an déi déi betraffen Hoteller gebucht hunn, kréien Alternativen ugebueden an eng Remise vun 100 Euro pro Erwuessenen. Wa keng Alternativ fonnt gëtt, da kréien d'Leit ee Bong fir eng zukünfteg Rees.

Leit, déi en Hotel gebucht hunn, deen net vun de Bränn betraff ass, kënnen hiren Depart bis den 29. Juli änneren. Och si kréien ee Bong, wa keng appropriéiert Alternativ fonnt gëtt, heescht et an engem Communiqué vun e Méindeg den Owend.

Och op Korfu brennt et jo... Do géif allerdéngs den Ament keng Gefor fir Luxair-Cliente bestoen.