UFOen an "net-mënschlech" Objete géife vertuscht ginn
© BRENDAN SMIALOWSKI AFP
D'Membere vum Kongress wëllen et an dësem Fall genee wëssen. Wat huet et mat presuméierten UFOen an den USA op sech?
De Mann am Mëttelpunkt ass de Whitleblower David Grusch. De fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter huet nämlech viru Kuerzem mat Aussoen iwwert UFOe fir gréissert Staune gesuergt. Géigeniwwer den US-Medien hat hien ënnert anerem erkläert, dass d'USA am Besëtz vu "futtissen an nach intakten" Objete sinn, déi en "net-mënschlechen Ursprong" hunn. Informatiounen iwwert dës Objete wieren dem US-Kongress souzesoe verheemlecht ginn, sou den David Grusch weider.
Elo goufen den David Grush an zwee fréier Militärpiloten virum Ausschoss vum US-Representantenhaus iwwert dës Aussoe befrot, dat ënnert Eed. De Geheimdéngschtler a Whistleblower seet hei aus, Informatiounen iwwert e "joerzéngtelaangen UAP-Biergungs- a Reverse-Engineering-Programm" ze hunn. Hei soll et et also ëm e Programm goen, bei deem UFOen, déi erofgefall an oder accidentéiert sinn, gebuerge goufen an dono rekonstruéiert solle ginn. Him wier awer den Zougang refuséiert ginn, firwat hien eng Whistleblower-Plainte agereecht huet.
Den David Grusch war vun 2019 bis 2021 un der UAP-Taskforce am Pentagon bedeelegt. UAP steet iwwregens fir "unidentified aerial phenomenon" a gouf mëttlerweil duerch de Begrëff "UFO" ersat a gëtt bei Experte quasi guer net méi gebraucht. Hien erkläert, dass hien dës Informatioune vertraulech vu glafwierdege Persoune kritt huet. Dorënner wieren och Fotoen, offiziell Dokumenter a geheim mëndlech Aussoen. Ënnert Eed huet hien och nach eemol betount, dass et "Programmer am Beräich vu fortschrëttlechen Technologië" ginn, vun deenen de Kongress keng Informatiounen hätt.
Weider seet den David Grusch, dass nodeems UFOen, respektiv UAPen, erofgefall wieren, och "biologescht Material" fonnt gi wier. Dëst wier "net-mënschlech" gewiescht, esou d'Aschätzung vu Leit mat direktem Wëssen iwwert de Programm. Bei ville Froen, déi him zu dësem Sujet gestallt goufen, huet hie gesot, dass hien net an enger ëffentlecher Seance doriwwer schwätze kéint. Ënnert anerem gouf och iwwert e Mord geschwat, dee bei der Vertuschung geschitt soll sinn. Ma och zu dëse Froen huet hie sech bedeckt gehalen. D'Iwwerdroung beim Ausschoss, déi iwwer Deeg geet, gëtt jo live an den USA diffuséiert.
De fréiere Militärpilot Ryan Graves ënnerstëtzt den David Grusch an ass iwwerzeegt, dass UAPen am US-Loftraum net dacks genuch gemellt géife ginn. "Dës Siichtunge sinn net seelen oder isoléiert. Se si Routine", erkläert de Graves. Dës Phenomener géifen och vu kommerzielle Pilote mol observéiert ginn, et géif reegelméisseg virkommen, sou den Ex-Militärpilot. Ma hien an och aner Aarbechtskolleege géifen zécken, esou Observatiounen iwwerhaapt ze mellen. De Stigma, deen un UFOen/UAPe géif pechen, wier "real a mächteg" a géif déi national Sécherheet menacéieren, esou de Graves virum Ausschoss. Pilote misste berufflech Konsequenze fäerten a géifen da léiwer näischt soen, änlech mat Zeien.
De fréieren Navy-Pilot David Fravor schwätzt ënnert anerem vun engem Fluchobjet an "Tic Tac"-Form, dat 2004 entdeckt gouf an allen Technike vun haut iwwerleeën ass. Hie gesäit UAPen als méiglech Gefor fir d'Land un a fënnt, dass esou Programmer, an deenen et iwwert sou Technologie geet, missten dem Kongress, dee gewielt gouf, presentéiert ginn.