EU-Reegele fir méi nohalteg a sécher Batterien a Kraaft getrueden

© AFP
D'Batterien an d'Akkue sollen an der EU an Zukunft eng méi laang Liewensdauer hunn a méi liicht gewiesselt kënne ginn.
Dofir suergen déi nei EU-Virschrëften, déi en Donneschdeg a Kraaft getruede sinn. Dës stelle sécher, datt Batterien nëmmen e Minimum u schiedleche Substanzen enthalen, e geréngen CO2-Foussdrock hunn, manner Rostoffer brauchen an an Europa gesammelt, recuperéiert a recycléiert ginn. Esou muss bis spéitstens den 31. Dezember 2025 eng Opbereedung a Recuperatioun vu 75 Prozent vum duerchschnëttleche Gewiicht vu Bläi-Saier-Batterië séchergestallt ginn. Bei Lithiumbatterië sollen et 65 Prozent sinn a bei Néckel-Cadmium-Batterien 80 Prozent sinn. Nach méi streng Mesurë mussen da bis Enn 2027 ëmgesat ginn.
Donieft reegelt déi nei Direktiv, datt Akkuen an Apparater wéi Handyen a Laptoppen an Zukunft vu Verbraucher selwer kënnen ausgetosch ginn. Dës Reegelung gëllt vum 18. Februar 2027 un a soll d'Liewensdauer vu Produite verlängeren.
Hannergrond vun den neie Reegelen ass ënnert anerem déi grouss Nofro vu Batterien wéinst der Elektrifizéierung vum Verkéier. D'EU-Kommissioun erwaart, datt d'Nofro bis 2023 weltwäit ëm dat 14-facht klamme wäert, woubäi 17 Prozent vun dëser Nofro op d'EU entfale kéinten.