Wien e Méindeg an der Géigend vun Tréier ënnerwee war, huet e bësse méi Gedold wéi soss misse matbréngen. An Däitschland stoungen d'Zeechen op Streik.

Och direkt hannert der Lëtzebuergescher Grenz goungen ënnert anerem d'Baueren op d'Strooss.

Wéi d'Tréierer Police op der Plattform X schreift, huet sech de Protest géint 16 Auer nees opgeléist an d'Participanten hu sech op den Heemwee gemaach. Deementspriechend koum et ëm déi Zäit zu Stau an Perturbatiounen.

Wat war lass?

Ganz Tréier war e Méindeg vun der Blockad betraff. Wéi d'Stad Tréier matgedeelt huet, hat de Veräin "Landwirtschaft verbindet Deutschland" annoncéiert, och eng Rei Autobunnsopfaarten zu Tréier an an der Géigend ze blockéieren. Dat gouf dann och ëmgesat. D'Police hat et den Demonstranten erlaabt, déi ugemellten Opfaarten an der Zäit tëscht 6 an 8 Auer fir maximal eng Stonn laang ze besetzen.

Anne Wolff Live vun Tréier am RTL-Mëttesjournal um 12.30 Auer

Zu Perl, am Dräilänner-Eck, hu sech schonn um 6 Auer e Méindeg de Moien eng 70-80 Traktere getraff, an hunn den Trafic blockéiert, andeems se am Cortège ëmmer nees duerch de Rond-Point bei der Grenzbréck Richtung Schengen gefuer sinn. Dat hat zu Stau am Beruffstrafic gefouert.

D'Anne Wolff mat Live-Impressioune vu Perl um 7.30 Auer e Méindeg de Moien

D'Police war mat vill Personal op der Plaz an et war alles souwäit roueg iwwert d'Bün gaangen.

Géint 8 Auer haten d'Bauere sech dann op de Wee a Richtung Tréier a Saarbrécken gemaach, wou méi grouss Demonstratioune geplangt waren. Tréier war dowéinst bis an den Nomëtteg era blockéiert.

D'Sortie Tréier a Richtung Lëtzebuerg (A64) war géint 8 Auer opgaangen. De Konvoi hat sech op de Wee gemaach a Richtung Tréier. Vun der Police Tréier war et géint 8.20 Auer d'Meldung, dass quasi all d'Blockaden opgehuewe waren an d'Trakteren um Wee op hir Treffpunkte waren.

Kuerz no 8 Auer gouf d'Opfaart Richtung Lëtzebuerg opgemaach
D'Trakteren hu sech dunn am Konvoi a Richtung Tréier gemaach.

Géint 9.30 Auer krute mer éischt Videoe geschéckt, vun dem Konvoi, deen an Tréier eragefuer war.

Traktere si géint 9.30 Auer zu Tréier ukomm
Ënnerstetzt gi se och vu ville Camionen, déi ënnert anerem géint Mauterhéijung protestéieren.

Wéi de Baueren- a Wënzerverband schätzt, ware méi Participanten dobäi, wéi ufanks erwaart. Amplaz vun de 500 Trakteren, vun deenen am Ufank rieds war, sollen et eng 1.000 Gefierer gewiescht sinn.

Well schonn am Virfeld d‘Stëmmung an Deeler vun Däitschland ugespaant war, hat den däitsche Bauereverband d'Demonstrante do virdru gewarnt, extremistesch Symboler ze benotzen. Och d'Wunnenge vu Politiker wieren tabu.

Virdrun hate verschidden däitsch Medie gemellt, dass Rietsextremer an Querdenker géife probéieren, d‘Protester ze ënnerwanderen. Eigentlech demonstréieren d'Bauere jo géint d'Kierzunge vu landwirtschaftleche Subventiounen.

Aktionsbündnis Trier huet sech un Demo bei der Porta Nigra drugehaangen

Ongeféier 50 Leit hate sech bei der Porta Nigra versammelt an ënnert anerem géint déi Gréng a géint Waffeliwwerungen a Krisegebidder demonstréiert.