Belsch Bauere bremsen den Trafic op der Grenz aus
Wien e Méindeg de Moien op der belscher E411 ënnerwee war, huet nach méi Gedold musse matbrénge wéi souwisou schonn op engem normale Schaffdag.
Op Héicht vum Echangeur Weyler hu Memberen a Sympathisante vun der "Fédération des jeunes agriculteurs" d'Strooss zum Deel blockéiert an domadder fir een zolitte Stau gesuergt. De Marc Hoscheid war op der Plaz an huet sech een Androck gemaach.
Scho géint 5.30 Auer waren déi éischt Trakteren op der Plaz, um Enn waren et der ronn 80, déi sech sech op béide Säite vun der Strooss esou positionéiert haten, datt just ee schmuelen Duerchgank fir déi aner Gefierer bliwwen ass. Ma wat huet d'Participanten dann iwwerhaapt motivéiert, fir bei der "Mobilisation générale", wéi si d'Aktioun selwer nennen, matzemaachen?
"On exporte beaucoup de nos productions alors qu'on importe beaucoup de choses étrangers et ça c'est un grand problème quand même."
"L'agriculture va très mal en Belgique. On est assaillit de normes, de papiers à remplir, on croule sur l'administratif, on a des revenus qui ne suivent plus parce que les charges ont terriblement augmenté les dernières années."
"Nous avons une ferme élevage bovin et la problématique essentiellement pour nous c'est l'administratif et les normes trop contraignantes qu'on nous impose. Par rapport au libre échange aussi, qui nous met un tout peu mal par rapport aux prix."
Et hätt ee schonn op aner Aart a Weise probéiert, op déi Mëssstänn opmierksam ze maachen an och d'Gespréich mat deenen zoustännege Ministere gesicht. Ma dat hätt awer keng Friichte gedroen, dowéinst hätt ee sech fir dee Schrëtt decidéiert. An et hätt een d'Gefill, datt dat guer net sou schlecht bei de Leit ukéim.
"ça se passe super bien. On a deux ou trois personnes qui râlent, mais ça c'est normal, mais les gens réagissent franchement bien."
"On a des gens qui sont vraiment bien avec nous, qui nous soutiennent, qui comprennent nos actions. D'autres un petit peu moins, mais dans la majorité des cas, les gens sont vraiment très forts aves nous et ça fait chaud au coeur."
"Jusque-là les gens nous soutiennent et comprennent pourquoi on fait ça. Donc le but est positif."
D'Aktioun dauert nach bis e Méindegowend 20 Auer. Sollte belsch a Baueren aus Drëttlänner weider ongläich behandelt ginn, wéi et hirer Meenung no aktuell de Fall ass, kéinten awer weider Aktiounen nokommen. Vläicht och zu Bréissel.
Nawell Chaos un der Grenz zu Lëtzebuerg
No der Diddelenger Autobunn d'lescht Woch war dëse Méindeg deemno d'Grenzregioun Lëtzebuerg-Belsch vun dësem Streik betraff, virop d'Autobunn E411 Bréissel-Lëtzebuerg an d'Areler A6.
De ganzen Dag ass mat Perturbatiounen am Trafic a Richtung Lëtzebuerg ze rechnen. An enger éischter Phas war d'Autobunn komplett zougesat ginn, duerno hunn d'Bauere mat hiren Trakteren eng Zort Korridor gemaach, duerch deen d'Autoen an d'Camionen dann am Schrëtttempo duerchfuere konnten.
Ma och op anere Plaze kéint et stauen. Esou gouf annoncéiert, datt een um Echangeur Weyler bei Arel vun e Méindeg de Moie 6 Auer un e Blockage opriicht, esou datt et mat Perturbatiounen am Trafic a Richtung Lëtzebuerg ze rechnen ass.
Am RTL-Interview an eisem Moiesjournal sot de Corentin Jaaques, datt d’Produite baussent der EU net eisen Normen entspriechen, awer däerfen importéiert ginn. A mir mussen da mat eise strengen europäeschen Norme bei de Präisser mathalen, sou de belsche Bauer.
80 Traktere blockéieren aktuell d’Autobunn am Grenzberäich. Dat wär leider néideg, well alles soss näischt bruecht hätt. D’Bauere wéilten net komplett blockéieren, mä den Trafic kënnt nëmme lues virun an et staut massiv. Och um Méindeg den Owend huet et an Direktioun Bréissel nach ferm gestaut.
Schonn am Laf vum Sonndeg hu sech direkt e puer Cortègë vun Trakteren iwwert d'belsch Autobunnen, haaptsächlech an der Wallonie, op de Wee gemaach. Vun iwwer 400 ass a belsche Medien rieds. Beispillsweis war d'E42 bei Namur e Sonndeg schonns zougesat ginn, wéi och Zoufaarte ronderëm Bréissel.
Solidaritéit vu Lëtzebuerg
D'FJA, d'Federatioun vun de jonken Agriculteuren, huet wësse gedoen, dass ee sech bewosst wier, dass dat Ganzt Auswierkunge fir vill Autosfuerer hätt, mä si misste sech bewosst sinn, dass d'Mobilisatioun eben och an hirem Interêt wier. Eng Gesellschaft, wou d'Landwirtschaft a Gefor ass, misst jiddereen appelléieren.
Um Méindeg de Moien huet d'Lëtzebuerger Bauerenzentral an engem Communiquéwësse gedoen, dass ee sech solidaresch weist mat de Baueren aus den Nopeschlänner.
Am Schreiwes heescht et, dass d’Baueren, d’Wënzer an d’Gäertner an Däitschland, der Belsch a Frankräich mat ville Contrainten a realitéisfrieme Virgabe vun der Bréisseler Kommissioun ze struewelen hätten, gekoppelt mat agrarfeindlechen Decisioune vun hire jeeweilege Regierungen.
Kengem anere Wirtschaftsaarm géif esou brutal d’Liewensgrondlag entzu gi wéi der Landwirtschaft. De Protest wier déi natierlech Konsequenz.
Et gëtt dann awer och ënnerstrach, dass d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg net sou dramatesch wier wéi an eisen Nopeschlänner. Zanter der neier Regierung hätt sech d’Kommunikatioun mam Landwirtschaftsministère och verbessert, an d’Suerge vum Secteur géifen eescht geholl.
En Dënschdeg ass keng Aktioun ronderëm d'Lëtzebuerger Grenz geplangt
Fir en Dënschdeg gesinn déi belsch Baueren iwwerdeems keng Aktioun an der Géigend vun der Lëtzebuerger Grenz vir. Dat sot ee vun den Organisateure vun de Protester géigeniwwer RTL. Par contre géifen Aktiounen op anere Plazen an der Belsch organiséiert ginn.
Et wär och net auszeschléissen, dass zu engem spéideren Zäitpunkt Traktere nees Stroosse ronderëm d'Grenz zum Grand-Duché blockéiere kéinten.