Prozess ëm "Panama-Papers"
28 Leit goufen elo fräigesprach

A Panama huet ee Geriicht 28 Leit fräigesprach, déi am Kader vun de sougenannte “Panama-Papers” ugeklot waren.
Een internationaalt Rechercheteam hat am Abrëll 2016 publik gemaach, datt eng sëllegen Entreprisen a Persounen, dorënner Politiker, Schauspiller a Sportler, Offshore-Firmen am mëttelamerikanesche Land gegrënnt sollen hunn, fir Steieren ze hannerzéien. Iwwert 11 Milliounen Dokumenter, zum Beispill Bréiwer, E-Mailen a Rechnunge goufe virun 8 Joer geleaked. Ma d’Beweiser goungen awer net duer, fir déi Beschëllegt ze verurteelen. Am Zentrum vum Skandal stoung déi mëttlerweil opgeléisten Affekoten-Etude Mossack-Fonseca.
Am meeschte gelies