Lufthansa wëllt 4.000 Plazen ofbauen

© SVEN HOPPE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Wéi déi däitsch Fluchgesellschaft annoncéiert, wär virun allem d'Verwaltung betraff vun dëse Restrukturatiounen – d'Airline soll méi effizient ginn.
Virun allem an Däitschland soll et dësen Ofbau vun Aarbechtsplaze ginn. De Fokus läit dobäi op der Administratioun, an net op den "operative Rollen", huet d'Lufthansa e Méindeg matgedeelt. Strukturell Verännerungen an der Entreprise, grad esou wéi d'Digitaliséierung an de méi verbreeten Asaz vu kënschtlecher Intelligenz a ville Beräicher a Prozesser, géife fir méi Effizienz suergen.
Deemno sollen d'Fluchgesellschaften déi zum Grupp gehéieren, wéi Swiss, Austrian a Brussels Airlines, méi enk zesumme récken. D'Lufthansa géif préiwen, wéi eng Tâchen opgrond vun duebelem Emploi an Zukunft net méi erfuerderlech wieren. D'Sträiche vun de Plaze soll an Ofstëmmung mat de Sozialpartner geschéien, sou d'Entreprise weider.
Zu München huet d'Lufthansa donieft hiren Investisseuren an Analysten hir strategesch Ausriichtung an hir finanziell Ziler fir d'Zukunft virgestallt.