"Mir wëlle kee Matleed a keng Tréinen"
Aus Organisatiouns-Kreesser heescht et, et wiere 5.600 Leit bei der Maniff derbäi.
De Kollektiv fir Palestina huet decidéiert an hirem Kampf e Schrëtt méi wäit ze goen a sech direkt un d’Société Civile ze riichten an nach méi Leit ze mobiliséieren. Mam Resultat, dass den Organisateuren no eng 5.600 Manifestanten an der Stad géint Israel a fir Palestina a speziell Gaza, op d’Strooss gaange sinn. Dorënner och Parteien a Gewerkschaften, mee virun allem d’ONGen, déi sech bis elo zimmlech bedeckt gehalen hunn.
Obschonns mir schonn 2 Joer hei duerch d’Stroosse lafen, geschitt einfach näischt! Sou d’Kritik vun den Organisateuren; gutt, Lëtzebuerg huet de Palästinensesche Staat unerkannt, begréisst MSF – mee wa mer vu Genozid géinge schwätzen, géif alles op eemol méi komplizéiert, an et géif sech op d’EU beruff, fënnt d’Esmeralda Wirtz vun Amnesty International Lëtzebuerg. Irland a Spuenien géinge ganz vill maachen, vill méi!
D’ONGen, déi, déi um Terrain schaffen, musse politesch neutral bleiwen. Si an d’Boot ze kréien hat de Kollektiv sech als Zil gesat ...an et hätt geklappt ... zu ronn 50 wiere se elo, erkläert de Jules Barthel, President vum Comité pour une paix juste au proche Orient, CPJPO.
Wann e Land näischt géint de Genozid ënnerhëlt, mécht et sech zum Kompliz, soen d’Organisateuren a beruffe sech op internationaalt Recht.
An dann hei en Temoignage vum Magali, Médecins sans Frontières…
Wéi ech hie begéint hunn, hat e scho säi lénken Aarm verluer ...e gouf amputéiert. Hien gouf an de Réck geschoss an et war näischt méi ze maachen. Dat riskéieren d’Leit do all Dag. A mengen 9 Joer humanitär Aarbecht hunn ech nach ni esou vill Grausamkeet gesinn. Et dauert nach e puer Deeg, dann ass medezinesch Hëllef guer net méi méiglech»!
An der Gazasträif verdeedegt kee méi iergend eppes, well näischt méi do ass, sou de CPJPO-President. Op wat d’international Gemeinschaft nach waart, froen och vill anerer sech.
