Import vu Cannabis och a klenge Quantitéiten an de meeschte Fäll verbueden

© AFP
An engem Schreiwes deelt d'Bundespolizei mat, datt et grondsätzlech verbuede wier, fir Cannabis-Produite mat iwwer d'däitsch Grenz ze huelen.
De Besëtz vu klenge Quantitéiten, maximal 25 Gramm, wéi och de Konsum vu Cannabis an der Ëffentlechkeet ass fir Leit iwwer 18 Joer bei eisen däitschen Noperen erlaabt.
Wat een awer elo net dierf, ass Cannabis aus engem anere Land, och net aus dem Grand-Duché, mat an Däitschland ze bréngen, egal, wéi héich dës Quantitéit ass. Wéi d'Bundespolizei schreift, muss een heivir mat enger Geld- oder esouguer Prisongsstrof rechnen.
Eng Ausnam gëtt et awer. Wann de Cannabis-Produit als Medikament ugesinn ass. Dofir brauch déi betraffe Persoun awer en Attest vum Dokter, dee vun den däitschen Autoritéiten, wéi der Landesgesundheitsbehörde, zertifiéiert gouf. Fir all Cannabis-Produit gëllt dann och, datt den Attest maximal 30 Deeg gülteg ass an et dierf een déi an Däitschland erlaabte Quantitéit, déi ee bei sech dierf hunn, net iwwerschreiden.
D'Bundespolizei warnt dann och, datt een, sollt ee just am Transit duerch Däitschland fueren, och oppasse muss, datt een d'Bestëmmunge vun den aneren Transit- oder dem Zilland kennt an anhält.