Den US-President Trump annoncéiert op senger Online-Plattform, hie géif d’Militär an d’Stad Portland am Bundesstaat Oregon schécken.

Dëst fir dat "vum Krich zerstéiert Portland an all d’ICE-Ariichtungen ze schützen". Den Trump bezitt sech op d’Immigratiouns-Administratioun, déi géif senger Ausso no vun der Antifa an aneren nationalen Terroriste belagert.

Op senger Plattform schreift den Trump weider, hie géif voll Gewalt autoriséieren, wann néideg. Et gëtt net präziséiert, wat genee domat gemengt ass, grad esou wéineg, wéini dat soll geschéien.