USA
Attack op Mormone-Kierch am Michigan: Op d'mannst 2 Doudesaffer, Täter erschoss

Bei engem Ugrëff op eng Mormone-Kierch zu Grand Blanc huet e 40 Joer ale fréieren Zaldot säin Auto an d’Gebai gesteiert an op déi Gleeweg geschoss.
Mindestens zwou Persoune si gestuerwen, eng Persoun ass a kriteschem Zoustand a 7 Leit sinn am Spidol a stabillem Zoustand.
De Täter gouf vun der Police erschoss. D'Feier ass ënner Kontroll. Et gëtt elo keng Gefor méi fir d’Ëffentlechkeet. D'Police geet awer vun nach méi Affer aus, déi an der Kierch kéinte fonnt ginn.

Den FBI ënnerstëtzt d’Ermëttlungen mat iwwer 100 Agenten. De Motiv vum Täter ass nach ëmmer net bekannt.
Den US-President Donald Trump schwätzt vun engem méiglechen gezielten Ugrëff op Chrëschten.

Am meeschte gelies