Den US-President Trump, deen enksten Alliéierte vum israeelesche Premier Netanyahu, huet allerdéngs ënnerstrach, déi Annexiounspläng net ze erlaben.

Observateuren zweiwelen allerdéngs drun, ob net och déi Ausso vum Trump fréier oder spéider wäert revidéiert ginn.

D’Westjordanland ass mat ronn 6.000 Km carré 16 Mol méi grouss wéi d’Gazasträif. Am Zentrum huet d’Regioun en Zougank zu Ost-Jerusalem an am Osten ass déi natierlech Grenz de Jordan, de Grenzfloss mat Jordanien.

De Slogan “From the river to the sea” gëtt net nëmme vu Palästinenser genotzt, mee e kënnt vun de fréien Zionisten, laang virun der Grënnung vum Staat Israel 1948. 1977 stoung en am Walmanifest vun der Likud-Partei als Géigend wou een déi israeelesch Souveränitéit ustrieft. Schonn zanter de 6 Deeg Krich 1967 gëtt d’Land konsequent vun israeelesche Siidlungen duerchzunn.

De Problem ass, dass et awer och d’Häerzstéck wier vun engem zukünftege Palästinenserstaat –mëttlerweil ass den Territoire awer de facto vun Israel besat.

Sarit Michaeli – Mënscherechtsgrupp B’Tselem:

Zanter dem Ufank vum israeelesche Siidlungsprojet, direkt no der Besatzung vu 1967, huet déi israeelesch Regierung eng ganz Panoplie vu Justifikatioune ginn, firwat et fir ons Israelien OK ass, anere Leit hiert Land ze klauen. Palästinensescht Land z’iwwerhuelen, fir et selwer ze notzen.

Den israeelesche Siidlungsbau am Westjordanland verstéisst noweislech géint internationaalt Recht, et bestinn UNO-Resolutiounen géint déi israeelesch Praxis an och Urteeler vum Internationale Geriichtshaff. Israel dementéiert awer pauschal a behaapt sech op biblescht Recht op dat Land. Fundamentalistesch Kolonialisten drangsaléieren d’Palästinenser déi nach do liewen, leeë Feier an zerstéieren hir Dierfer fir dass se fortginn. De invasive Siidlungsbau déngt och dozou d’Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung z’ënnerwanderen.

(14. August 2025)
Bezalel Smotrich – israeelesche Finanzminister:
Et gëtt Zäit fir déi israeelesch Souveränitéit komplett ëmzesetzen, sou dass am September déi hypokritesch Europäer näischt méi un z’erkennen hunn.

Mee och elo mat der Unerkennung eleng ass engem Vollek seng Zukunft net entscheed an e Liewen am Westjordanland gëtt fir Palästinenser ëmmer méi schwéier an onméiglech. Muttwëlleg Stroossespären erënneren d’Awunner all Dag drun, dass se an hirer Heemecht net wëllkomm sinn. Dobäi liewen am Territoire, dee gutt zwee Mol esou grouss ass wéi onst Land, grad emol eng hallef Millioun Israeli ënner ronn 3 Millioune Palästinenser.