Den US-Bundesstaat Oregon an d'Stad Portland hunn eng Klo géint d'US-Regierung agereecht, fir den Asaz vun Zaldoten ze verhënneren.

De President Donald Trump hat dëse Militärasaz ugekënnegt. Aus der Klo geet ervir, dass den Trump wéilt den Asaz vum Militär fir alldeeglech Strofverfolgung bannent den USA normaliséieren. Et géif kee gerechtfäerdegte Grond fir den Asaz vun der Nationalgarde, sou d'Oppositioun vun der Initiativ.

Den Donald Trump hat e Samschdeg ugekënnegt, d’Nationalgarde an déi demokratesch regéiert Stad ze schécken, fir d’Immigratiounsautoritéit ICE an d’Stad selwer ze schützen. Hie sot, hie géif voll Gewalt autoriséieren, wann néideg – ouni Detailer ze ginn.

RTL

Zu Portland gouf et an de leschte Méint reegelméisseg Protester virun ICE-Gebaier, déi heiansdo zu Gewalt mat der Police gefouert hunn. Iwwerdeems gouf et lescht Woch eng Attack op en ICE-Büro zu Dallas am Bundesstaat Texas, bei der eng Persoun erschoss an zwou Persoune blesséiert goufen.

D’Klo argumentéiert awer, datt d’Protester zu Portland kleng a friddlech waren – mat manner wéi 30 Leit a keng Festnamen zanter Mëtt Juni.