D'Secret-Service-Cheffin Kimberly Cheatle huet e Versoe vun hirer Autoritéit bei der Verhënnerung vum Attentat op de fréiere President ageraumt.

"Mir hu versot", huet d'Cheffin vun der US-Sécherheetsautoritéit der Noriichtenagence AFP no bei enger Auditioun am US-Kongress zouginn. De Secret Service, dee fir de Schutz vum aktuellen a fréiere Presidente responsabel ass, steet zanter dem Attentat op de fréieren US-President a Kandidat vun de Republikaner fir d'US-Presidentielle massiv ënner Drock.

Bei der Auditioun gouf d'Cheatle ënnert anerem dozou befrot, ob zu iergendengem Zäitpunkt den 13. Juli e Secret-Service-Agent um Daach war, op deem och den Täter war. Dës Fro kéint d'Cheffin vun der US-Autoritéit awer net beäntwerten, well d'Analysen iwwer d'Planung vun deem Dag nach net ofgeschloss wieren. Och op d'Fro, ob Dronen am Asaz waren, hat d'Cheatle keng Äntwert. Datt si op vill Froen net äntwere kann, huet zu Frustratioun bei ville Politiker am US-Kongress gefouert, wouduerch den Toun bei der Auditioun, déi aktuell nach amgaangen ass, ugezunn huet.

"Mir hu méi Informatiounen aus YouTube-Videoe kritt wéi dat, wat Dir eis zur Verfügung gestallt hutt", reprochéiert de Republikaner aus dem Texas, de Michael Cloud der Cheatle. Den Demokrat Ro Khanna betount, datt dës déi gréisst Sécherheetslacune vum Geheimdéngscht wier, zanter de Schëss op de Ronald Reagan an huet gefuerdert, datt d'Secret-Service-Cheffin, wéi hir deemoleg Virgängerin och, misst zrécktrieden.

Bei engem Walkampf-Event am Bundesstaat Pennsylvania war jo op den Donald Trump geschoss ginn. Dobäi louch den Täter mat sengem hallefautomatesche Gewier nëmmen eng 150 Meter vum Riednerpult ewech op engem Daach. Den Donald Trump war nach knapp dovu komm a gouf um rietsen Ouer liicht blesséiert. Duerch d'Schëss war ee Mann aus dem Publikum ëm d'Liewe komm, den Täter war vum Secret Service ëmbruecht ginn.