D'Staatscheffin Hasina war e Méindeg no wochelaange bluddege Protester géint hir Regierung aus dem Land geflücht.

De 84 Joer ale Wirtschaftswëssenschaftler Muhammad Yunus, deen an den 80er Jore mat Hëllef vu Mikrokreditter Millioune Leit aus der Aarmut gehollef huet an dofir 2006 den Nobelpräis krut, ass zeréck am Bangladesch. Do soll hien elo d'Iwwergangsregierung uféieren.

Am Bangladesch goufen et an de vergaangene Woche bluddeg Masseprotester, bei deenen op d'mannst 455 Leit ëm d'Liewe koumen. Ugefouert goufen d'Demonstratioune vu Studenten, déi sech fir d'éischt géint een ëmstriddene Quotesystem am ëffentlechen Déngscht ausgesprach hunn, duerno awer och méi allgemeng géint d'Regierung vun der Scheich Hasina op d'Strooss gaange sinn.

D'Hasina, déi zanter 15 Joer am Bangladesch un der Muecht war an där hirer Regierung eng sëllege Verstéiss géint d'Mënscherechter virgeworf ginn, war e Méindeg aus dem Land geflücht.

Wou den Nobelpräislaureat Yunus en Donneschdeg um Fluchhafe vun Dhaka ukoum, huet hien als éischt Prioritéit genannt, am Bangladesch nees Recht an Uerdnung zeréckzebréngen. Bannent e puer Méint wéilt seng Iwwergangsregierung Walen ofhalen. Fir de Bangladesch wier et eng "zweet Onofhängegkeet", esou de Yunus. Den Nobelpräisgewënner huet d'Leit dozou opgeruff, Vertrauen an hien ze hunn a mat der Gewalt opzehalen, géint "jiddereen, iwwerall am Land."

De Yunus krut och d'Ënnerstëtzung vum Arméischef Waker-Uz-Zaman, deen an enger Usproch op der Tëlee sot, hie wier sech sécher, datt de Yunus an der Lag wier, "eis duerch ee schéinen demokratesche Prozess" ze féieren.