Kuerz no 9 Auer ware Schëss virum israeelesche Generalkonsulat zu München ze héieren, net wäit vum NS-Dokumentatiounszenter.

E jonke Mann vun 18 Joer hat do e puer Polizisten attackéiert. De Policespriecher Andreas Franken huet confirméiert, dass tëscht de Beamten an dem verdächtege Mann direkt e puer Schëss gefall wieren. Den Täter, deen eng Krichswaff soll benotzt hunn, gouf dobäi getraff.

Den Inneminister vu Bayern Joachim Herrmann huet präziséiert, dass de Mann gestuerwen ass. Hie schléisst en antisemitteschen Hannergrond net aus, ënner anerem, well de Virfall an der Géigend vum NS-Dokumentatiounszentrum an dem israeelesche Generalkonsulat geschitt ass.

Éischten Informatiounen no soll de jonke Mann aus Éisträich stamen a soll mam Auto an Däitschland komm sinn. Ausser dem Täter gouf et keng weider Verdächteger an och keng aner Blesséierter.

De bayresche Ministerpresident Markus Söder huet betount, München hätt "kuerz den Otem ugehalen", ma et wier um Enn "zum Gléck gutt ausgaangen". Déi genee Hannergrënn missten nach ermëttelt ginn, et géif awer "e schlëmme Verdacht". Hie verweist op e méiglechen Zesummenhang tëscht der Dot an dem Gedenkdag vum Olympia-Attentat 1972 zu München. De 5. September dat Joer waren 11 Membere vun der israeelescher Olympia-Ekipp vu Membere vun enger palestinensescher Terrororganisatioun ermort ginn.

De bayresche Ministerpresident Markus Söder
Schëss am Zentrum vu München
Onkommentéiert Bildmaterial