Op d'mannst 17 Kanner si bei engem Feier a Kenia ëm d'Liewe komm

© AFP/SIMON MAINA
Bei engem Feier an engem Dortoir vun enger Primärschoul a Kenia sinn op d'mannst 17 Kanner ëm d'Liewe komm.
16 Schwéierblesséierter sinn iwwerdeems an d'Spidol ageliwwert ginn, heescht et vun der lokaler Policespriecherin. Medieberichter no sollen d'Dortoiren iwwerfëllt gewiescht sinn, wou d'Feier ausgebrach ass.
D'Feier am Dortoir vun der Hillside Endarasha Academy, déi vun engen 800 Kanner am Alter tëscht 5 an 12 Joer besicht gëtt, war géint Mëtternuecht ausgebrach an huet sech séier an e puer Reim ausgebreet, an där zu deem Ament eng 150 Kanner geschlof hunn.
Der Policespriecherin Resila Onyango no wier et "warscheinlech, datt méi Läiche gebuerge ginn", wann d'Secouriste bis e besseren Zougang zu der Onglécksplaz eng 170 Kilometer nërdlech vun der kenianescher Haaptstad Nairobi hunn. "D'Läichen, wéi ee bis ewell fonnt hätt, wieren "bis zur Onkenntlechkeet verbannt." Den Duerchschnëttsalter vun den Affer läit der Police no bei ronn 9 Joer.
Virun der Schoul hu sech e Freideg de Moien eng ganz Rei besuergten Eltere versammelt, fir op Noriichte vun hire Kanner ze waarden.
Wat d'Feier kéint ausgeléist hunn, ass den Ament nach Géigestand vun den Ermëttlungen. Déi kenianesch Kommissioun fir Geschlechter- a Gläichstellungsfroen no wier den Dortoir awer ze voll gewiescht an d'Schoul hätt domat "géint d'Sécherheetsvirschrëfte verstouss." De kenianesche President William Ruto huet de Famillje säi Bäileed ausgedréckt a "grëndlech Ermëttlunge" versprach.