Den Islam-Fuerscher Tariq Ramadan gouf vun engem Schwäizer Appellsgeriicht wéinst Viol schëlleg geschwat.

Domat kippt d'Appellsgeriicht en Urteel vun engem Schwäizer Geriicht aus dem Mee zejoert. Dëst hat de Ramadan nach fräigesprach. Elo huet d'Appellsgeriicht hien zu enger Prisongsstrof vun dräi Joer, vun deenen der zwee op Sursis sinn, verurteelt.

D'Urteel gouf schonn den 28. August geschwat an ass elo duerch e Bäitrag vum ëffentlech-rechtleche Schwäizer Radio a Fernsee "Radio Télévision Suisse" public ginn. Dem 62 Joer ale Ramadan seng Affekoten hunn annoncéiert, dass si d'Urteel virum ieweschte Geriicht vun der Schwäiz wäerten ufechten.

Am Prozess geet et ëm en Tëschefall, dee sech viru 15 Joer an engem Zëmmer vun engem Hotel zu Genève soll ofgespillt hunn. Eng zum Islam konvertéiert Fra, déi nëmmen ënnert dem Numm "Brigitte" bekannt ass, reprochéiert dem Ramadan, si an dësem Zëmmer vergewaltegt, a sexuell Gewalt un hir ausgeüübt ze hunn. Den Affekot vun der Fra huet viru Geriicht vu multipelle Vergewaltegungen a vu Folter a Barbarei geschwat. De Beschëllegten huet d'Reprochë vun Ufank un zeréckgewisen.

Am Prozess zejoert war de Ramadan nach wéinst Mangel u Beweiser a widderspréchlechen Aussoe vun der Fra, déi hie beschëllegt, fräigesprach ginn. Am Prozess virum Appellsgeriicht hunn d'Affekote vun der Fra argumentéiert, dass de Ramadan "Kontroll" iwwer hir Mandantin ausgeüübt hätt.

Well dem Tariq Ramadan seng Affekoten hirersäits schonn annoncéiert hunn, dass si virun dat iewescht Schwäizer Geriicht wäerten zéien, fir  "d'Onschold vun hirem Mandant" ze etabléieren, ass d'Urteel vum Beruffungsgeriicht nach net rechtskräfteg.

Den Tariq Ramadan war bis Enn 2017 Professer fir Islam-Fuerschung un der brittescher Universitéit Oxford. Seng Professur gouf ausgesat, ewéi a Frankräich Reproche vu Viol géint hien opkomm sinn. Hie kritt am Hexagon reprochéiert, tëscht 2009 an 2016 dräi Frae vergewaltegt ze hunn.

Den Tariq Ramadan ass den Enkel vum Grënner vun der ägyptescher Muslim-Brudderschaft.

.