Explosioun direkt an der Géigend vun der israeelescher Ambassade
© STEVEN KNAP Ritzau ScanpixAFP
Ronn 500 Meter vun der israeelescher Ambassade zu Kopenhagen war eng Explosioun ze héiere gewiescht, dat 5 Deeg nodeems et schonn eng Attack hei gouf.
"Mir kucken natierlech op et tëscht dësem Virfall an der israeelescher Ambassade en Zesummenhang gëtt", sou eng Spriecherin vun der dänescher Police e Méindeg. Am Moment géifen et heivir awer keng Indice ginn.
Et gëtt präziséiert, dass virun der Explosioun och Schëss ze héiere waren. Et geet een dohier dovunner aus, dass et kee Lien zu der israeelescher Ambassade gouf, dat obwuel dës nëmmen en hallwe Kilometer Loftlinn vun der Plaz vun der Explosioun ewech läit.
An der Nuecht vum 1. op den 2. Oktober goufen et eréischt Explosiounen direkt bei der Ambassade, warscheinlech ausgeléist duerch Granaten. An deem Kontext goufen 2 jonk Schwede festgeholl, déi 5 Granate bei sech haten an dovunner der 2 gehäit haten. Nëmme ronn 100 Meter vun der Ambassade waren d'Sprengkierper explodéiert. Béid Persoune goufe festgeholl.