De wichtegsten Nobelpräis, dee fir Fridden, geet dëst Joer un déi japanesch Organisatioun Nihon Hidankyo.

Vum Nobelcomité zu Oslo ass et e Freideg ee staarke Message fir eng Welt ouni Nuklearwaffen. Déi japanesch Organisatioun Nihon Hidankyo ass mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn.

Si besteet zu groussen Deeler aus Iwwerliewender vun den Atombommen, déi d'USA um Enn vum Zweete Weltkrich op Hiroshima an Nagasaki geheit haten. D'Organisatioun gouf 1956 gegrënnt. Zu Hiroshima sinn deemools mat engem Coup eng 140.000 Leit ëmkomm, zu Nagasaki waren et eng 74.000 Mënschen. Eng 107.000 Iwwerliewender vun den Atombomme gëtt et haut nach a Japan, si sinn am Schnëtt 85 Joer al.

A senger Laudatio huet de Jorgen Watne Frydnes, de President vum norwegeschen Nobelcomité drun erënnert, dass den Asaz vun Nuklearwaffe rezent leider keen Tabu méi ass, dass Länner d'Nuklear-Arsenaler weider oprëschten a moderniséieren, dass nei Länner d'Atombomm wëlle kréien an dass d'Menace vum Asaz vun Nuklearwaffen oppe benotzt gëtt.
 
Ee Message, dee sech an éischter Linn u Russland, den Iran oder nach Nordkorea geriicht huet.

Friddensnobelpräiss 2024 / Reportage Jean-Marc Sturm

Dëst Joer waren 197 Persounen an 89 Organisatiounen als potentiell Kandidaten nominéiert. De Präis gëtt den 10. Dezember um Doudesdag vum Alfred Nobel verginn an ass mat ronn 970.000 Euro dotéiert. 
 
Een Ament war sech gefrot ginn, ob et iwwerhaapt e Sënn mëscht, ee Friddensnobelpräis ze vergi mam Krich am Noen Osten, dem Krich an der Ukrain oder nach am Sudan, respektiv wéinst den iwwer 50 soss arméierte Konflikter op der Welt. Observateure mengen, dass kee Friddensnobelpräis vläicht dee méi staarke Message dëst Joer gewiescht wier. De Choix fir den Asaz géint Nuklearwaffen ass um Enn ee Choix, dee kaum Kontroverse ka provozéieren.
 
19 Mol gouf et kee Friddensnobelpräis. Haaptsächlech wéinst den zwee Weltkricher oder nach fir d'lescht 1972 wéinst dem Vietnamkrich. D'Joer drop goung de Präis un den US-Ausseminister Kissinger an den Nord-vietnameesesche Militär Le Duc Tho. Ee ganz schlechte Choix. Deen een hat d'US-Bombardementer op Laos a Kambodscha ausgebreet. Deen anere stoung fir Massemord a Gefaangenelager.
 
De Grënner vum Roude Kräiz Henry Dunant krut 1901 deen éischte Friddensnobelpräis. Zejoert war et d‘Narges Mohammadi fir hiren Asaz fir Mënscherechter a Fräiheet a géint d‘Ënnerdrécke vun de Fraen am iranesche Mullah-Regime. 25 Mol goung de Präis un international Organisatiounen.

Dem Klassement vun de Länner no goung en 21 Mol an d‘USA, 12 mol a Groussbritannien an 9 Mol a Frankräich. Zweemol war et fir eng Persoun aus der Sowjetunioun respektiv Russland mam Michail Gorbatchov 1990 a virun dräi Joer dem russesche Kremlkritiker Dmitri Muratow. D‘Joer drop war et déi russesch Mënscherechtsorganisatioun Memorial zesumme mat der ukrainescher Mënscherechtsorganisatioun CCL an dem belarusseschen Dissident Ales Bjaljazki, deen zejoert zu Minsk an engem ridicule Prozess zu 10 Joer Prisong verurteelt gi war.