De Sudan geet ënner a Krich a Chaos. Millioune Mënsche sinn op der Flucht. D'Lag ass dramatesch an et ass keng Rettung an Aussicht.

Iwwerdeems de Krich an der Ukrain an am Noen Osten déi international Politik an och d'Noriichte bestëmmen, spille sech an Afrika aner Dramaen of.

Nieft Krich an Hongersnéit sinn der UN no ronn 893.000 Mënsche vun Iwwerschwemmunge betraff. 241.000 Leit sinn doduerch scho verdriwwe ginn, sou den UN-Büro fir humanitär Ugeleeënheeten (Ocha) en Donneschdeg.

Am ganze Land koum a kënnt et zu Iwwerschwemmungen, duerch déi d'Mënsche verdriwwe ginn. De Sudan ass dat afrikanescht Land, dat am meeschte vun der Klimakatastroph concertéiert ass. 15 essentiel Stroosse si weiderhin zou, sou dass vill Bewunner net erreecht kënne ginn. 42 vun den 78 Bezierker vum Land si vun den Iwwerschwemmunge betraff.

D'Weltbank hat Ufank Oktober scho gewarnt, dass sech d'Situatioun am Sudan verschlëmmert. D'Land wier an enger kritescher humanitärer Lag net just duerch eng enorm Liewensmëttelonsécherheet, ma och duerch e wirtschaftlechen Niddergang, dem nach ëmmer undauernde Konflikt, a Krankheeten. Nach an dësem Joer wäert d'Zuel vun de Leit an Nout schätzungsweis bei 9 Millioune leien.

Zwar ginn et all Joer Problemer duerch Iwwerschwemmungen, ma d'Auswierkunge vun de Kämpf si besonnesch uerg. Zanter 17 Méint ass de Krich tëscht der Arméi am Sudan an der arabescher Miliz Rapid Support Forces (RSF) schonn eskaléiert. International sti béid Säiten an der Kritik. Der UN no si schonn zéngdausende Mënschen ëm d'Liewe komm, iwwer 10 Millioune Mënsche sinn op der Flucht a ronn 25 Millioune Mënsche leiden Honger.

Et handelt sech ëm déi schwéierste Kris weltwäit.