Nei Sanktioune géint den Iran um EU-Conseil um Kierchbierg decidéiert
© AFP/Archiv/PATRICK HERTZOG
Concernéiert sinn Entreprisen, Institutiounen a Persounen, déi un der Produktioun vun dëse Waffe bedeelegt sinn.
D'EU-Ausseministeren haten e Méindeg mat der russescher Offensiv an der Ukrain a mat der Situatioun am Noen Oste ganz komplizéiert Dossieren um Ordre du jour. Et goufen nei Sanktioune géint Teheran decidéiert, nodeems sech erausgestallt huet, dass den Iran Rakéiten u Russland liwwert, déi am Krich géint d'Ukrain zum Asaz kommen.
Den EU-Chefdiplomat Josep Borrell huet d'Attacken op d'UNO-Friddenstruppen am Libanon schaarf verurteelt. Um Kierchbierg sot hien, dat wär komplett inacceptabel. Fënnef Blohelm-Zaldote ware beim Konflikt tëscht Israel an der pro-iranescher Hisbollah am Libanon gestuerwen.
D'Sanktioune riichte sech géint Entreprisen, Ariichtungen a Persounen, déi eppes mam Produzéieren oder dem Liwwere vun deene Rakéiten ze dinn hunn.
Den Iran soll deemno weider an den Abseits gestallt ginn, well Teheran déi radikal-islamesch Hisbollah bei Attacken op Israel ënnerstëtzt. Am Kontext vum Noost-Krich appelléieren d'EU-Staaten um Beispill vum éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg un d'Konfliktparteien, dofir ze suergen, dass den UNO-Contingent UNIFIL am Libanon net tëscht d'Fronte geréit.
Sujete sinn och de Krich an der Ukrain an de chineesesche Militärexercice ronderëm Taiwan
D'Land brauch weider Hëllef, net just op militäreschem Plang, mä och beim Nees-Opbau vu wichtegen Infrastrukturen, déi am Viséier vun der russescher Arméi sinn. Dat gëllt elo kuerz virum Wanter, besonnesch fir de Beräich vun der Energieversuergung.
Fir d'éischte Kéier zanter dem Brexit ass e Méindeg e britteschen Ausseminister bei engem EU-Conseil mat um Dësch. Trotz dem EU-Austrëtt vu Groussbritannien wëll ee weisen, dass London an d'EU bei Sécherheetsfroen zesummenhalen.
Am Kontext vum chineesesche Militärmanöver ronderëm Taiwan ass et den Appell vun der EU un all d'Parteien, fir sech zréckzehalen. China huet jo ronderëm Taiwan breet ugeluechte Militär-Exercicer ugefaangen. Krichs-Fligeren a Schëffer ëmkreesen d'Insel den Ament. Peking ass jo der Meenung, dass Taiwan zum chineeseschen Territoire gehéiert an net onofhängeg dierft geréiert ginn.