5 Deeg virun de Presidentschaftswalen an den USA, hu sech d'Kamala Harris an den Donald Trump op d'Swingstates Nevada respektiv Arizona fokusséiert.

De Fokus vun de jeeweilegen Optrëtter vu béide Kandidate louch dobäi besonnesch drop, d'Latino-Populatioun vu sech ze iwwerzeegen.

D'Kamala Harris huet sech zu Las Vegas d'Jennifer Lopez un d'Säit geholl an huet notamment hiert Engagement fir d'Fraen an d'Migrante widderholl. Zwee Beräicher, an deene si sech kloer vum Donald Trump géif ënnerscheeden. Dee géif d'Fräiheet an d'Intelligenz vun de Fraen net respektéieren an Ofdreiwungen am ganze Land verbidden.

Iwwerdeems huet den Donald Trump sengersäits zu Glendale am Arizona betount, dat eenzegt wat hie stoppe kéint, wier e Bedruch. Et hätt een och scho verschidde Manipulatiounsversich opgedeckt, sou de Republikaner, dee bekanntlech scho bei de leschte Walen seng Defaite net unerkannt hat a seng Supporter ugestiwwelt hat, de Kapitol ze stiermen.

Nëmmen e puer Deeg virun de Presidentiellen bleift et weider spannend. Aus de Sondagen ass net erauszeliesen wien en Dënschdeg gewënnt.