A Frankräich gouf et e Freideg op méi Plaze Schéissereien, bei deenen de Verdacht besteet, dass et e Lien zur Drogekriminalitéit gëtt.

Zu Poitiers  sinn am spéiden Owend 5 Persoune bei enger Schéisserei an engem Restaurant schwéier blesséiert ginn. Eng Persoun, e Jugendlechen vu 15 Joer,  schwieft nach a Liewensgefor.  Am Ganze wieren dem Inneminister Bruno Retailleau no tëscht 400 an 600 Leit an de Sträit tëscht zwou Banden verwéckelt gewiescht, dee gëscht Owend komplett eskaléiert ass.

Zu Valence sinn dräi Leit virun enger Disko ugeschoss ginn. Eent vun den Affer ass schwéier um Kapp blesséiert ginn. De Mann vun 22 Joer ass tëscht Liewen an der Doud. Déi puer honnert Leit, déi an der Disko op enger Halloweenparty waren, goufe sou laang dobanne gehale bis de Policeasaz eriwwer war.