Kamala Harris zu Las Vegas: "Sí se puede"
© Annick Goerens
D'Coure ëm d'Wäisst Haus kéint net méi eng sinn. Am Swing State Nevada läit den Donald Trump den Ament vir.
D'Kamala Harris setzt dofir op déi ganz wichteg Communautéit vun de Latinoen.
"Sí se puede". Dat ass déi spuenesch Versioun vum fréiere President Barack Obama sengem Walkampf-Motto "Yes we can". A fir d'Leit en Donneschdegowend am Amphitheater zu Las Vegas war et och kloer. Et muss d'Kamala Harris ginn, nach eemol Donald Trump wier ondenkbar:
"Mäin Amerika ass fort. Et ass verschwonnen, wéi den Donald Trump fir d'éischte Kéier gewielt gouf."
"Ech sinn den Haass midd. Et ass Zäit fir Matgefill an Empathie. Ech hunn déi Polariséierung net gär. Ech sinn es sou sat."
"Si gleeft u Fraerechter an si wëll d'Land nees beienee bréngen an net auserneen drécken. Et geet net ëm d'Partei. Et geet ëm d'Land."






























Am Nevada sinn de Sondagen no ronn 40 Prozent vun den ageschriwwenen Wieler, weder als Republikaner, nach als Demokrate registréiert. Wann een dann nach weess, dass ronn een Drëttel vun den Awunner vum Nevada latäinamerikanesch Originnen hunn, versteet ee firwat déi bekannt Latino-Sängerin, Actrice an Entertainerin Jennifer Lopez d'Kamala Harris en Donneschdeg begleet huet:
"Hello everybody. Buenas noches Las Vegas. Dir wësst, dass ech keen Frieme sinn hei zu Las Vegas. Ech sinn dacks hei opgetrueden. Mee dat hei ass déi wichtegst Bün op der ech jee war. [...] Ech sinn eng Amerikanesch Fra. Ech sinn d'Meedchen vum Guadalupe Rodrigues an David Lopez. Si sinn houfreg Leit vu Puerto Rico. Ech sinn Puertoricanerin. A jo ech gouf hei gebuer a mir sinn Amerikaner."
Nieft den Latinoen, ginn et och vill indigeen Communautéiten am Nevada. D'Kamala Harris mécht dofir direkt am Ufank vun hirem Optrëtt e Verspriechen un d'Native Americans, sech fir hir Rechter als nächst Presidentin staark ze maachen.
Donieft geet natierlech näischt laanscht DE Sujet, op deem d'Demokratin bal hire ganze Walkampf opgebaut huet: d'Recht op Ofdreiwung.
"We're not going back. We're not going back." Mir ginn net zeréck, well mir kämpfe fir d'Zukunft a fir d'Fräiheet. Déi fundamental Fräiheet vun enger Fra fir dierfen z'entscheeden, wat si mat hirem Kierper mécht. An net dass d'Regierung hir seet, wat si ze maachen huet."
Si huet dann och dem Donald Trump seng Ausso vun e Mëttwoch kommentéiert: "Huet iergendee vun iech héieren, wat hie gëschter gesot huet? Hie sot - an ech mengen... wierklech... hie sot, dass hie wäert maachen, wat hien wëll, ob Fraen dat elo gär hunn oder net."
Bei de leschten zwou Presidentiellen huet de Bundesstaat Nevada republikanesch gewielt. A voir, ob dësen Optrëtt duerno eppes bruecht huet, fir dat ze änneren.
© Annick Goerens