Serie US-Presidentiellen (13)
Esou wiele bekannte Perséinlechkeeten
© AFP / RTL Grafik
Eng ganz Rei amerikanesch Berüümtheeten hu schonn annoncéiert, fir wie si de 5. November wäerten ofstëmmen. An eise Fotosgalerië fannt Dir en Iwwerbléck.
Dës Promie wiele fir d'Kamala Harris

Beyoncé: D'Sängerin erlaabt der demokratescher Kandidatin esouguer d'Notzung vun hirem Lidd "Freedom" fir hir Campagne. / ©
MIGUEL J. RODRIGUEZ CARRILLO AFP

Arnold Schwarzenegger: Den Ex-Schauspiller a fréiere republikanesche Gouverneur vu Kalifornien huet sech ëffentlech fir d'Kamala Harris als nächst US-Presidentin ausgeschwat. / ©
ANDREW CABALLERO-REYNOLDS AFP

Billie Eilish : D'Musekerin an hire Brudder Finneas O'Connell hunn allebéid matgedeelt, dass si déi demokratesch Kandidatin ënnerstëtzen. / ©
ARTURO HOLMES GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Bruce Springsteen: De Sänger ass zanter Joerzéngten e prominente Supporter vun der Demokratescher Partei. / ©
VALERIE MACON AFP

Charlie XCX: D'Musekerin huet sech op Social Media hannert d'Kamala Harris gestallt. / ©
TIBRINA HOBSON GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP

Jimmy Carter: Den 39. President vun den USA huet scho Mëtt Oktober via Bréifwal fir d'Kamla Harris an den Tim Walz gewielt. / ©
ALEX BRANDON / POOL / AFP

Kesha: D'Sängerin huet déi demokratesch Kandidatin op hire soziale Medien ënnerstëtzt. / ©
KEVIN WINTER GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Mark Cuban: De Besëtzer vun den Dallas Mavericks a fréiere Co-Moderator vun der Serie "Shark Tank" huet an de leschte Wochen e puer Mol ëffentlech Walkampf fir d'Kamala Harris gemaach. / ©
KEVIN WINTER GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Matt Damon: De Schauspiller huet ënner anerem Fund Raiseren organiséiert, fir Sue fir der Kamala Harris hire Walkampf ze sammelen. / ©
WILLIAM VOLCOV BRAZIL PHOTO PRESSBrazil Photo Press via AFP

Barack a Michelle Obama: Wéineg iwwerraschend ënnerstëtzen och de 44. US-President Barack Obama a seng Fra d'Kamala Harris / ©
ANDREW CABALLERO-REYNOLDS AFP

Olivia Rodrigo: D'Sängerin engagéiert sech fir d'Recht op Ofdreiwung. Der Sängerin no wier d'Kamala Harris déi richteg Kandidatin, fir de Leit dëst Recht zeréckzeginn. / ©
ROBYN BECK AFP

Robert de Niro: De Schauspiller ass widderholl op Evenementer opgetrueden an huet d'Leit opgeruff, fir d'Demokraten ze wielen. / ©
MATTHEW HATCHER AFP

Taylor Swift: Méintlaang gouf driwwer spekuléiert, wéi d'Taylor Swift wäert wielen, éier d'Sängerin sech an engem Statement zu der Kamal Harris bekannt huet. / ©
ANGELA WEISS AFP

George Clooney: De Schauspiller a Regisseur huet ënner anerem eng Walkampf-Reklamm fir d'Demokrate geschwat / ©
KEVIN WINTER GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP














Berüümt Perséinlechkeeten, déi fir d'Kamala Harris wielen (4.11.24)
© no_watermark
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi heite bekannt Perséinlechkeeten ënnerstëtzen den Donald Trump

Edwin Eugene "Buzz" Aldrin : De fréieren Astronaut an zweete Mann um Mound, huet sech op der Social-Media-Plattform "X" fir den Donald Trump als Us-President ausgeschwat. / ©
ROB CARR GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Dana White: De Besëtzer a President vun der UFC ass schonn zanter Laangem e bekannte Supporter vum Donald Trump. / ©
ANGELA WEISS AFP

"Dr. Phil": Den Tëleespersonnage a Psychiater war ee vun de Riedner um Donald Trump sengem Walkampf-Event am Madison Square Garden zu New York. / ©
Angela Weiss AFP

Elon Musk: Den Tesla- a SpaceX-Grënner gëllt als potenzielle Kandidat fir e Regierungsposten, am Fall wou den Donald Trump gewielt gëtt. / ©
Angela Weiss AFP

Hulk Hogan: De fréiere Wrestler ass e puer Mol op republikanesche Walkampf-Evenementer opgetrueden. / ©
Angela Weiss AFP

Jake Paul: De Youtuber a Boxer huet sech fir den Donald Trump als President ausgeschwat, an dëse mat de Grënner vun den USA verglach. / ©
ROY ROCHLIN GETTY IMAGES NORTH AMERIC AGetty Images via AFP

Kanye West: De Museker ënnerstëtzt den Donald Trump no 2016 an 2020 bei dëse Walen fir d'drëtte Kéier / ©
RONALD MARTINEZ GETTY IMAGES NORTH AMERICA Getty Images via AFP

Kid Rock: De Sänger ass um Parteidag vun de Republikaner opgetrueden an huet an deem Kontext seng Ënnerstëtzung fir den Donald Trump ëffentlech gemaach. / ©
MICHAEL M. SANTIAGO GETTY IMAGES via AFP

Kodack Black: De Rapper gouf um Donald Trump sengem leschten Dag als President vun dësem begnodegt. Rezent war hien op enger Trump-Rallye ze gesinn. / ©
DAVID DEE DELGADO AFP

Mel Gibson: De Schauspiller huet d'Kamala Harris als "domm ewéi e Potto" bezeechent. Hie géif fir den Trump wielen. / ©
VALERIE MACON AFP

Tony Hinchcliffe: De Komiker hat mat senge Bemierkungen um Trump sengem Walkampf-Event zu New York fir e Skandal gesuergt. / ©
ANGELA WEISS AFP

Tucker Carlson: De Journalist a Moderator ass schonn zanter laangem e bekennenden Donald-Trump-Fan. / ©
PATRICK T. FALLON AFP

Robert Kennedy Jr.: Nodeems de Politiker seng eege Kandidatur zeréckgezunn huet, huet hie sech hannert den Donald Trump gestallt. / ©
KAMIL KRZACZYNSKI AFP

Britanny Mahomes: D'Fra vum NFL-Star-Quarterback Patrick Mahomes huet sech op de Soziale Medien fir den Donald Trump ausgeschwat. / ©
FERNANDO LEON GETTY IMAGES NORTH AMERICA via AFP














Berüümt Ënnerstëtzer vum Donald Trump (4.11.24)
© AFP
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies