Bis zu 10 Joer PrisongDräi Europäer op Bali festgeholl, wéinst Verdacht, pornographescht Material produzéiert ze hunn

RTL mat AFP
Dräi Europäer sinn op Bali festgeholl ginn, well si der Police no pornographesch Videoe produzéiert a verbreet hunn, wat hinnen elo bis zu zéng Joer Prisong abrénge kéint.
Zwou Persounen aus Frankräich an eng Persoun aus Italien goufen op Bali festgeholl, well se pornographescht Material solle produzéiert a verbreet hunn.
Zwou Persounen aus Frankräich an eng Persoun aus Italien goufen op Bali festgeholl, well se pornographescht Material solle produzéiert a verbreet hunn.
© HANDOUT/AFP

Op Bali sinn dräi Europäer wéinst der presuméierter Produktioun an dem Verbreede vu pornographeschem Material festgeholl ginn. Bei de Verdächtegen handelt et sech ëm e Mann an eng Fra aus Frankräich, souwéi ëm e Mann aus Italien

Si solle versicht hunn, “mat pornographesche Videoen a Contenu Profit ze maachen”, esou de Policechef vun der Vakanzeregioun Badung en Dënschdeg. Elo dreeën hinne bis zu 10 Joer Prisong fir d’Hierstelle vum Material an nach emol sechs Joer fir d’Verbreeden am Internet.

D’Bevëlkerung vu Bali ass gréisstendeels hinduistesch. Am Ganze gesinn ass Indonesien awer meeschtens muslimesch, an d’Produktioun vu pornographeschem Material ass am ganze Land strikt verbueden. Op Verstéiss sti laang Prisongsstrofen an héich Geldstrofen.

Op Bali gouf et an de leschte Joren och ëmmer nees Problemer mat auslänneschen Touristen, déi keng Récksiicht op lokal Sitte geholl hunn an zum Beispill plakeg op hellege Plaze poséiert hunn. Méi dacks goufen och westlech Influencer ausgewisen.

Back to Top
CIM LOGO