NigeriaIwwer 20 Doudeger an Honnerte Blesséierter no Selbstmordattentater

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
An der nigerianescher Stad Maiduguri am Nordoste vum Land wieren op d'mannst 23 Leit bei Selbstmord-Attentater ëm d'Liewe komm. D'Autoritéite maachen den Terrorgrupp Boko Haram responsabel.
Bei Selbstmordanschlägen sind in Nigeria mindestens 23 Menschen getötet und mehr als hundert weitere verletzt worden. Die Armee machte die islamistische Gruppe Boko Haram für die Explosionen verantwortlich.
© AFP

D’Uschléi wiere kuerz nom Faaschtebriechen am Ramadan op engem beliefte Maart geschitt, virun der Entrée zu engem Spidol a virun engem Postbüro. Aenzeien no wiere Leit no der éischter Explosioun a Richtung Postbüro gelaf, ier do en zweete Selbstmordattentäter sech an d’Luucht gesprengt hätt.

D’Arméi huet den islamisteschen Terrorgrupp Boko Haram responsabel gemaach a vun enger erhéichter Gefor vu weidere Selbstmordattentater wärend de leschten Deeg vum Ramadan geschwat.

Eréischt an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg hate presuméiert Dschihadisten e Militärposten an engem Viruert vu Maiduguri ugegraff. Uganks Dezember koum et hei iwwerdeems zu engem Bommenuschlag op eng Moschee. Do virdru war d’Stad u sech wärend Jore vun dschihadisteschen Attacke verschount bliwwe gewiescht.

Boko Haram huet 2009 vu Maiduguri aus hire Kampf lancéiert, fir en islamistescht Kalifat an Nigeria z’etabléieren. Zanterhier goufe bei Attacken iwwer 40.000 Leit ëmbruecht a ronn zwou Millioune Leit verdriwwen.

Am Februar vun dësem Joer hat d’US-Regierung annoncéiert, 200 Zaldoten an Nigeria ze schécken, fir déi nigerianesch Arméi am Kampf géint Boko Haram an déi mat hinnen a Rivalitéit stoend Miliz Islamesche Staat a Westafrika (ISWAP) z’ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO