
Déi israeelesch Arméi huet den iranesche Sécherheetschef Ali Laridschani ëmbruecht. Ën Dënschdeg den Owend hunn déi iranesch Staatsmedien déi entspriechend Erklärung vum Ieweschten Nationale Sécherheetsrot verëffentlecht. De Laridschani wier “no engem liewenslaange Kampf fir de Fortschrëtt vum Iran an der Islamescher Revolutioun zum Märtyrer ginn”. Mat him wieren och säi Jong a säi Bodyguard gestuerwen. Israel hat scho méi fréi am Dag behaapt, de Laridschani déidlech getraff ze hunn.
Iwwerdeems huet Israel op en Neits dem neien ieweschte Leader Modschtaba Chamenei gedreet. Si wéissten aktuell näischt iwwert hien, si kéinten hien de Moment net gesinn, mee si géifen hie fannen an neutraliséieren, sou de Militärspriecher Effie Defrin. De Chamenei war den 8. Mäerz zum neie politeschen a reliéiese Chef am Iran gewielt ginn, ass awer zanterhier net ëffentlech opgetrueden. Et gëtt ugeholl, dass hie bei enger Loftattack schwéier blesséiert ginn ass. Den iraneschen Ambassadeur zu Moskau huet dementéiert, dass de Chamenei fir medizinesch Behandlungen a Russland wier, esou déi russesch Noriichtenagence Tass.
Confirméiert huet Iran dogéint den Doud vum Kommandeur vun der paramilitärescher Basidsch-Miliz Gholamresa Soleimani. Hie wier bei den Ugrëffer vun den USA a vun Israel ëm d’Liewe komm, sou déi staatlech Medien am Iran. Ënnert senger Féierung wieren d’Protester am Iran am Januar bluddeg néiergeschloe ginn. Wärenddeem bombardéiert dat israeelescht Militär weider Stellunge vun der Miliz, ouni genee Detailer ze nennen.