An den éischten Deeg goufe wéineg Progrèse gemaach
E grousse Knackpunkt sinn a wäerten d'Käschte bleiwen. Well d'Äerderwiermung stoppen an déi negativ Konsequenzen dovu limitéieren, dat kascht.
D‘Weltklimakonferenz am Aserbaidjan ass elo an der Hallschent an engem kriteschen Ament. Grouss Progrèse goufen net gemaach, d‘Negociatioune stagnéieren. Fënnef Deeg bleiwen nach, fir sech op konkret Ziler géint de Klimawandel z‘eenegen. Fir de besonnesch vulnerabelen Entwécklungslänner ze hëllefen, sollen d‘Participante vun der COP29 eng Billioun, also 1.000 Milliarden Dollar, zesummeleeën.
Äerderwiermung stoppen an déi vill negativ Konsequenzen dovu limitéieren, kascht. D‘COP29 huet als Fokus, d‘Suen dofir zesummenzekréien. Fir Investissementer an d'Technologie, a Solarpanneauen, oder a Schutz géint Iwwerschwemmungen. Déi éischt Woch op der Konferenz konnten awer nëmme kleng Progrèse gemaach ginn, confirméiert de Klimatolog Andrew Ferrone zu Baku. Hien ass am Ëmweltministère fir Klima an nohalteg Entwécklung responsabel.
"Op de grousse Knackpunkten, also de Finanzen an der Mitigatioun", also d‘CO2-Emissioune reduzéieren, "do si mer net esou gutt weiderkomm. Elo kommen d‘Ministeren no an no hei un. Si hunn normalerweis e bësse méi Flexibilitéit wéi déi technesch Negociateuren, fir op deene wichtege Punkte weiderzekommen."
De Fokus réckelt awer elo fir zwee Deeg vu Baku wäit fort op Rio, do kéint d‘COP29 nach gerett ginn. A Brasilien kommen d‘G20 nämlech beieneen. Dorënner wirtschaftlech staark Staaten ewéi China an och Brasilien, déi bis elo op der Weltklimakonferenz keng grouss Versprieche wollte maachen.
D‘Europäesch Unioun steiert weltwäit am meeschte Sue bäi. Ma och hir Kapazitéite sinn an dësen Zäite limitéiert. Aner Staate sollen en Deel vun der Laascht iwwerhuelen, si sinn awer net schrecklech schaarf drop. Net kloer ass och, ob den zukünftegen US-President Trump nach wäert bezuelen.
Wéi noutwenneg et ass, dass grouss Pollueuren de vulnerabelste Länner beim Klimawandel hëllefen, weess de Michal Burzynski vum LISER. De Chercheur erkläert, dass d‘Baueren an Ethiopien a Somalia elo scho quasi keng Recolte méi hu wéinst der Dréchent.
"A ville Regiounen an der Karibik hu se Problemer mat Hurrikanen an Zyklonen. Déi riichte grousse Schued an dësen aarme Géigenden un, virun allem op den Inselen. De Problem ass: mat reng finanzieller Kompenséierung hëlleft een de Leit net. Op ville Plazen an deene Regioune wäert een nämlech iergendwann net méi wunne kënnen wéinst dem Klimaschued."
Zesumme mat anere Wëssenschaftler huet de Michal Burzynski ausgerechent, dass an dësem Joerhonnert tëscht 210 an 320 Millioune Leit op der Welt wéinst dem Klimawandel wäerte plënnere mussen. Jee no Klimazeenario wäerten der dovun awer dräi Véierel bannent hirem eegene Land kënne plënneren. D‘Wëssenschaftler deelen hir Resultater mat der UNO. Se sollen de Politiker als Basis déngen, fir laangfristeg Decisiounen ze huelen, erkläert de Michal Burzynski.
"Eise Modell, dee vun der Weltwirtschaft, erméiglecht hinnen déi Plazen d‘identifizéieren, wou d‘Leit besonnesch vulnerabel wéinst Klimaschued sinn. A si kënne raisonnabel Projektiounen analyséieren, fir ze wëssen, wouhin déi Leit kéinte plënneren."
Jo, dofir musse Sue mobiliséiert ginn. Ma och déi enorm Zomm vun 1.000 Milliarden Dollar wär näischt wäert, wann d‘Weltcommunautéit net verstoe géif, dass, "déi eenzeg Méiglechkeet, fir ze hëllefen, ass, d'CO2-Emissiounen esou séier ewéi méiglech ze reduzéieren."
Wat et méi waarm gëtt, wat d‘Schéier tëscht Aarm a Räich nach méi wäit ausernee géing goen, warnen d‘Wëssenschaftler. Den zoustännegen Direkter am Ëmweltministère Andrew Ferrone confirméiert: d‘1,5 Grad-Grenz ass geschwënn erreecht.
"Dofir ass et ganz wichteg, elo esou séier wéi méiglech ambitiéis ze ginn an d‘Emissiounen vum CO2 séier erofzesetzen, fir ass mir 2050 op Netto 0 kommen. Da kënne mir déi +1,5 Grad effektiv nach anhalen."
Et kënnt drop un, ob d‘COP29 zu Baku am Aserbaidschan nach e Succès gëtt.