Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah am Libanon ass a Kraaft

© JALAA MAREY AFP
De Sécherheetsconseil zu Jerusalem huet fir déi Feier-Paus gestëmmt, nodeems d'USA a Frankräich tëscht béide Säite vermëttelt haten.
Virgesinn ass eng Iwwergangsphas vu 60 Deeg, an där sech dat israeelescht Militär aus dem Süde vum Libanon zeréck zitt, wärend d’Hisbollah hirersäits all hir Posten an der israeelescher Grenzregioun muss raumen. D’Gebitt gëtt elo vun der libanesescher Arméi kontrolléiert.
Bis 4 Auer goufen et awer nach massiv israeelesch Attacken op Beirut. Dobäi wieren op d'mannst 10 Mënschen ëm d'Liewe komm. An et goufen och nees Hisbollah-Rakéiten op Israel geschoss.
Sollt d’Wafferou gebrach ginn, wier den Deal awer direkt hifälleg an et géif een nees attackéieren, warnt den israeelesche Premier Netanjahu d’Hisbollah.
Zu Beirut gouf et och en Dënschdeg den Owend nach weider israeelesch Loftattacken an zu Tel Aviv goufen Dronen aus dem Libanon ofgefaangen.
Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet den Accord begréisst a rifft béid Säiten op, sech elo och drun ze halen.
Hien appelléiert awer och un Israel, elo net hiert Virgoen an der Gazasträif ze verschäerfen.
D'USA a Frankräich hunn den Accord ausgehandelt, dat awer net direkt mat der Hisbollah, mä mat der libanesescher Regierung. Dës wier elo och dofir responsabel, datt d'Wafferou agehale gëtt.