Poopst Leo XIV. trëfft sech eng éischte Kéier mat Mëssbrauchsaffer

© AFP/Archiv/Andreas SOLARO
Déi éischte Kéier zanter sengem Amtsuntrëtt am Mee huet sech de Poopst Leo XIV. mat Affer vu sexuellem Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch getraff.
Mat dobäi ware Vertrieder aus méi wéi 30 Länner an och vun der Afferorganisatioun ECA. Ee vun de Matbegrënner vun ECA, den Tim Law, sot géigeniwwer der Noriichtenagence AFP, d'Gespréicher mam Poopst wieren "oppen a fräi" verlaf. ECA hat de Leo fir eng Reunioun gefrot, datt dës schlussendlech och zustane komm wier, wier "historesch" an e "grousse Schratt", sou den Tim Law weider.
Zil vum Treffen, datt amplaz geplangten 20 Minutten eng Stonn gedauert huet, wier gewiescht, eng Bezéiung zum Poopst Leo XIV. opzebauen an "eng Zouso dofir ze kréien, datt d'Gespréicher weidergefouert ginn - an hie war oppe fir béides".
Den Affer-Vertrieder war et donieft och drëms gaangen, datt de Poopst sech dofir asetzt, eng Null-Toleranz-Politik géigeniwwer sexuellem Mëssbrauch duerch Geeschtlecher - déi et an den USA scho gëtt - op déi komplett kathoulesch Kierch auszewäiten. An enger Rei Weltregioune géif et dogéint "grousse Widderstand" ginn, wier dem Leo seng Äntwert gewiescht. De Poopst huet sech allerdéngs oppen dofir gewisen, datt Vertrieder vun Affer sech an Zukunft nach méi enk mat kierchleche Kommissiounen austausche kënnen, déi sech mat dëse Froe befaassen.
A sengem éischten Interview am September zanter Amtsuntrëtt als Poopst hat de Leo gesot, datt hie keng grondleeënd Verännerungen an der kathoulescher Kierch ënner anerem am Ëmgang mam sexuelle Mëssbrauch duerch Geeschtlecher ustrieft. Dëse wier zwar "eng echt Kris", bis zum Noweis vun enger Schold géif awer d'Onscholdsvermuddung gëllen a Beschëllegter missten entspriechend "geschützt" ginn. Den Affer misst een op der anerer Säit mat "groussem Respekt" a "Verständnes" begéinen, sou de Leo weider, dee gläichzäiteg betount huet, de Sujet vum sexuelle Mëssbrauch sollt wärend sengem Pontifikat "net zum zentralen Thema vun der Kierch ginn".