Knapp zéng Deeg, nodeems d'Wafferou a Kraaft getrueden ass, beschëllege sech Israel an d'Hamas géigesäiteg de Waffestëllstand gebrach ze hunn.

Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu reprochéiert der Hamas, e Sonndeg "Panzerofwierrakéite" lancéiert an op israeelesch Zaldote geschoss ze hunn. Als Reaktioun op d'Ugrëff hätt hien d'Arméi opgefuerdert, "mat aller Häert" géint "terroristesch Ziler an der Gazasträif virzegoen", déi deemno Loftattacken an Artilleriebeschoss an der Stad Rafah lancéiert hunn.

Virdrun hat en israeelesche Vertrieder der Noriichtenagence AFP géigeniwwer scho Beschoss vun israeeleschen Zaldoten duerch Sniper vun der Hamas gemellt. "Béid Virfäll sinn an engem vun Israel kontrolléierte Gebitt ëstlech vun der gieler Linn geschitt", huet de Militärvertrieder erkläert.

E palästinenseschen Aenzeien zu Rafah hat der AFP bericht, datt et Kämpf ginn hätt, op déi et zwou Loftattacke vun engem israeelesche Fliger ginn hätt. Zu Affer oder Schied géing et awer den Ament keng Informatioune ginn. Engem aneren Aenzeien no hätte Kämpfer vun der Hamas Membere vun engem rivaliséierende Grupp ugegraff a wiere vu Panzer vun der israeelescher Arméi iwwerrascht ginn. Och hien hätt vu Kämpf an zwou Loftattacke geschwat.

Den arméierte Fligel vun der Hamas dementéiert d'Virfäll an der Regioun Rafah. Dem Issat al-Rischk vum Politbüro vun der Hamas no wier et "déi zionistesch Besatzung, déi weiderhi géint d'Ofkommes verstéisst". Israel géing iergendeng "Virwänn" erfannen, "fir seng Verbriechen ze rechtfäerdegen".

Den rietsextreemen israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich huet iwwerdeem op X "Krich" gefuerdert an och de Sécherheetsminister Gvir huet d'Arméi opgefuerdert, d'Kämpf an der Gazasträif nees komplett opzehuelen.