Siwe Milliounen US-Amerikaner hu géint dem Trump seng Politik protestéiert

© AFP
Op Truth Social huet den US-President ënner anerem mat engem KI-generéierte Video geäntwert, wou hien aus engem Jet Exkrementer op d'Demonstrante geheit.
An den USA ass et de Weekend zu landeswäite Masseprotester géint d'Politik vum Donald Trump komm. Ënnert dem Motto "No Kings" sinn Donnéeë vun den Organisateuren no am Ganze ronn siwe Millioune Mënschen an 2.700 verschiddene Stied uechter all d'Bundesstaaten op d'Stroosse gaangen. Ënnert dem Motto "No Kings" hate sech ronn 300 Organisatiounen zesummegedoen, fir friddlech géint d'Aart ze protestéieren, wéi den Trump d'Regierung féiert. Hie wéilt regéiere wéi e Kinnek a géing d'Demokratie domat a Gefor bréngen, sou d'Organisateuren.
Déi gréisst Demonstratioune gouf et ënner anerem zu New York, Chicago, San Francisco, Los Angeles an New Orleans, an och an de sougenannte "Flyover-States" mat méi klenge Stied am geographeschen Zentrum vun den USA. Dacks gouf en Enn vum Trump senger Presidentschaft gefuerdert. Och d'Migratiounspolitik, virun allem d'Aarbecht vun der Awanderungsagence ICE, sou wéi den Asaz vun der Nationalgard géint dat eegent Vollek stoungen am Mëttelpunkt vun der Kritik. Op de ville Plakater gouf den Trump dobäi dacks als Kinnek oder Autokrat duergestallt, ënner anerem als sowjeteschen Diktator Josef Stalin, als Kinnigin vun England oder och als Roi du Soleil, dem Louis XIV.
Den Trump selwer huet op senger Plattform Truth Social genee dat selwecht gemaach. An engem KI-generéierte Video, deen op sengem offiziellen Account verëffentlecht gouf, ass ze gesinn, wéi hie mat enger Kroun um Kapp an engem Militär-Jet sëtzt an dobäi Exkrementer op d'Demonstranten ënnert hie fale léisst.
Den US-President wollt d'Protester domat op absurd Aart a Weis erofspillen. Vun enger Rei Republikanesche Politiker krut hien dobäi och de Réck gestäerkt. De Virsëtzende vum Representantenhaus Mike Johnson huet d'Protester virun der Press als "Amerika-Haass-Manifestatioun" betitelt. D'Organisateuren hätten dobäi "Marxisten, Sozialisten, Antifa-Verdeedeger, Anarchisten an de Pro-Hamas-Fligel vun der lénksradikaler Demokratescher Partei" zesummebruecht, sou den Johnson weider.