Dat huet hiren Affekot Mostafa Nili bekannt ginn. International Supporter fuerderen eng definitiv Entloossung fir d'Narges Mohammadi.

Am Joer 2021 gouf d'Narges Mohammadi vun engem iranesche Geriicht zu enger Prisongsstrof vu méi wéi 13 Joer verurteelt, nodeems si sech am Iran fir d'Fraerechter a géint dat obligatorescht Droe vum Hijab agesat hat. De Protest deemools war virun allem un d'Regierung vun der islamescher Republik ëm den Ajatollah Chomeini geriicht.

E Mëttwoch hunn déi iranesch Autoritéiten decidéiert, d'Friddensnobelpräis-Gewënnerin vun 2023 fir dräi Wochen aus dem Prisong ze entloossen, fir sech medezineschen Traitementer ze ënnerzéien. Déi 52 Joer al Fra ass aktuell an engem gesondheetlech kriteschen Zoustand, nodeems si en Tumor aus dem Been eraus operéiert krut hat.

Supporter vum Narges Mohammedi kritiséieren déi kuerz Dauer vun 21 Deeg a fuerderen deemno eng definitiv Entloossung aus dem Prisong, oder op d'mannst eng Extensioun op dräi Méint. Donieft gëtt souwuel vun der UN, wéi och vum Nobel-Kommitee Drock gemaach, fir si definitiv aus dem Prisong fräizeloossen.

Bei der temporärer Entloossung e Mëttwoch huet si op en neits d'Chance ergraff, sech fir d'Fraen am Iran staark ze maachen an dobäi "Woman Life Freedom" geruff.