E Prisonéier hat fënnef Geisele geholl. Um Enn huet hien opginn an d'Geisele si fräikomm. Si goufen net blesséiert.

Am Prisong vun Arles gouf et e Freideg eng arméiert Geiselnam. E Prisonéier hat fënnef Persounen als Geisel geholl, dorënner véier Mataarbechter aus dem Gesondheetsberäich an ee Beamten aus dem Prisong, dat hat de franséischen Inneminister Gérald Darmanin e Freideg op X confirméiert.

Kuerz no 16 Auer war d'Geiselnam eriwwer. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, hätt de presuméierten Täter, deen als ganz geféierlech agestuuft gouf, no fënnef Stonne laangen a komplizéierte Verhandlungen opginn. Et hätt keng Blesséierter ginn, déi fënnef "gesond" Geisele wiere fräigelooss ginn.

Beim Auteur vun der Geiselnam handelt et sech ëm e Mann vu 37 Joer aus dem Guinea, deen eng laang Prisongsstrof ofsëtzt, dat wéinst verschiddene Gewaltdelikter, sou déi franséisch Autoritéiten. Hie soll psychesch Probleemer hunn, schreift de "Le Figaro".

De presuméierten Täter hat wärend der Geiselnam eng selwergebaute Stéchwaff bei sech. Spezialunitéite vun der Police waren am Asaz.