Déi chineesesch Internetplattform TikTok kéint vun de Sonndeg un an den USA verbuede sinn an esou och net méi accessibel.

Den Ieweschte Geriichtshaff an den USA hat e Freideg dat Gesetz confirméiert, dat de chineesesche Besëtzer Bytedance zum Verkaf vun Tiktok an den USA zwénge soll. Sollt dat net passéieren, wäert d'App aus den App-Store vun Apple an Android ausgeschloss ginn. An der Entscheedung vum Geriicht heescht et, datt d'Gesetz net géint d'Recht op Meenungsfräiheet géif verstoussen. Weider hat d'US-Regierung berechtegt Bedenken, wat d'Sécherheet ugeet, opgezielt.

Hannergrond vum Gesetz ass de Virworf vun US-Autoritéiten, Bytedance géif d'App am Déngscht vun der chineesescher Féierung mëssbrauchen, fir Userinnen a User auszespionéieren. D'Videoplattform bestreit dës Virworf. TikTok ass besonnesch bei jonke Mënsche beléift an huet an den USA ronn 170 Millioune User.

D'Gesetz gëtt Bytedance elo eng Frist bis e Sonndeg, fir TikTok ze verkafen. Anerefalls géif d'App aus den Appstore vun den US-Entreprisen Apple a Google verschwannen. Déi méiglech Ofschaltung vun TikTok fält an den Zäitraum vum Iwwergang vun der Biden- op d'Trump-Regierung. E Méindeg jo wäert den Donald Trump säin Eed op d'Amt vum President ofleeën. Den Trump hat jo scho beim US Supreme Court ugefrot, fir d'Gesetz auszesetzen.